Rassismus géint Aya Nakamura

Aya Nakamura / © AFP/Archiv/Miguel MEDINA
Déi rassistesch Ugrëff géint déi franséisch-malesch Sängerin Aya Nakamura kréie juristesch Suitten.
Déi franséisch Justiz huet eng Enquête lancéiert, dat huet de Parquet e Freideg zu Paräis matgedeelt. D'Anti-Rassismus-Autoritéit huet eng Plainte agereecht, nodeems Gerüchter iwwer e geplangten Olympia-Optrëtt vun der Sängerin zu rassistesche Protester vun engem rietsextreme Grupp gefouert haten.
Ausléiser war e Bericht vun enger Zeitung, dass déi franséisch Sängerin bei der Erëffnungszeremonie vun den Olympesche Spiller Lidder vun der franséischer Sängerin Edith Piaf sange sollt. Den Optrëtt gouf bis ewell net offiziell confirméiert.
E rietsextreme Grupp mam Numm "Les Natifs" huet doropshin eng Foto vun engem Protestplakat mat de Wierder "Y'a pas moyen Aya, ici c'est Paris, pas le marché de Bamako" publizéiert.
An de Kommentaren dozou huet de Grupp virun engem angebleche Versuch, "franséisch Chansonen ze afrikaniséieren", gewarnt a gefuerdert, "datt Frankräich duerch ee Kënschtler vertruede gëtt, deen eist Ierwen, eis Wäerter an eis Identitéit verkierpert".
D'Aya Nakamura huet sech vun de rassistesche Virfäll net aschüchtere gelooss a kloer Wierder op X fonnt.
Si krut dofir vu ville Politiker a Perséinlechkeete vill Zousproch.