Concert vum Tom Odell an der Rockhal

© Joe Warling
Den talentéierte brittesche Singer-Songwriter Tom Odell huet de Lëtzebuerger Public op en Neits beandrockt.
Et war antëscht schonn déi sechste Kéier,, datt den Tom Odell zu Lëtzebuerg gespillt huet. No sëllegen ausverkaafte Concerten huet den Atelier de Concert vum Britt dës Kéier an der Rockhal organiséiert, wou hien de Public, wann och op aner Manéier, mat a säin Universum geholl huet.
Mat sengem sechste Studio-Album "Black Friday" tourt den Tom Odell aktuell duerch Europa, wou praktesch all Concertssall ganz séier ausverkaaft war. Dat war en Dënschdeg an der Rockhal zwar net de Fall, ma de grousse Sall um Belval war trotzdeem gutt gefëllt.
Genee wéi op sengem neien Album huet den Tom Odell sech och op der Bün vun enger deels neier Säit gewisen, woubäi wéi gewinnt d'Stëmm an d'Instrumenter am Vierdergrond stoungen.
Eng ideal Mëschung tëscht ganz rouegen, melancholesche Momenter, wou d'Luucht just op de Sänger geschéngt huet, deen hannert sengem Piano wéi gewinnt mat senger Stëmm iwwerzeege konnt an awer dann och enger fantastescher Band, déi fir Stëmmung gesuergt huet.
Déi sechs Museker, déi mam Sänger op der Bün stoungen, hu fir eng gutt Ofwiesslung zu de méi doucë Soloe vum Tom Odell gesuergt. E Wiesselspill, dat sech och an der Beliichtung vun der Bün erëmgespigelt huet.
Och wann d'Stëmmung an der Rockhal nu emol eng aner ass wéi am Atelier, wou einfach méi Intimitéit méiglech ass a méi en intensive Kontakt tëscht Museker a Publikum, huet den Tom Odell et fäerdeg bruecht, de Public op en Neits ze begeeschteren a matzerappen.
Bal zwou Stonne laang war et deemno en hin an hier tëscht rouege Momenter, wou och de Public praktesch kee Mucks vu sech ginn a just op de Gesang vum Tom Odell gelauschtert huet, an deene Momenter, wou d'Museker op der Bün, mä och de Sänger selwer, d'Publikum dozou bruecht huet mat ze danzen an ze sangen.
No zwee Coveren, dorënner "True Colors" vum Cyndi Lauper, huet den Tom Odell mat sengem wuel bekanntste Lidd "Another Love" ofgeschloss, wou een tëscht all den Handye vun de Leit praktesch net méi op d'Bün gesinn huet.
"Anytime you want us back, we'll come", ware seng lescht Wierder op der Bün, an et war deemno och bestëmmt net de leschte Concert vum Tom Odell hei zu Lëtzebuerg.