De Paolo Nutini kënnt de 24. Juli op Lëtzebuerg

De schottesche Singer-Songwriter kënnt mat senger gefillvoller Stëmm an emotionalen Texter zeréck op Lëtzebuerg.
Säin Debut hat hien 2006 mat sengem éischten Album "These Streets" mat den Hitsingelen "New Shoes" a "Last Request" a koum domat an d'Top 3 vun de britteschen Albumcharts. Mam Album "Sunny Side Up" (2009) war et dunn d'Plaz 1. Fënnef Joer méi spéit koum den drëtte Studioalbum "Caustic Love" eraus.
Dono war et du méi roueg. Obschonn den Nutini sech net offiziell dozou geäussert huet, war tëscht 2017 an 2022 eng Paus ugesot. De véierten Album "Last Night in the Bittersweet" koum deemno Ufank Juli 2022 eraus.
Seng Musek verbënnt souwuel Elementer aus Soul, Folk a Rock, erauskënnt en eenzegaartege Sound, dee beim ënnerschiddlechste Public op der ganzer Welt ukënnt. Och seng charismatesch Bünepresenz kënnt gutt un a rappt jidderee mat.
Seng Tour duerch 17 Länner mat am Ganze 27 Concerten a sëllege Festivallen. De 24. Juli steet hien deemno am Atelier op der Bün. D'Tickete si vun e Freideg de Moien un an der Vente, weider Detailer fënnt een um Site vum Atelier.