Wie kennt dat net: am Fong hätt ee jo nach genuch Liesfudder doheem, mä da fënnt een e Buch dat wierklech spannend kléngt an et muss een et einfach kafen. An heiansdo geréit et dann an de Vergiess bis een duerch iergendeppes nees dorun erënnert gëtt. Sou ass et mir mat "The Bone Clocks" (Die Knochenuhren) vum briteschen Auteur David Mitchell gaangen. Bei engem Interview mam Tom Hillenbrand, dem Auteur vun de Xavier Kieffer-Krimien,  hunn ech hie gefrot wat hien da grad esou liest, a säi Liestipp ass mir iergendwéi bekannt virkomm. An tatsächlech, ech hat dat Buch scho viru Jore kaaft, war awer ni dozou komm fir et ze liesen. "Britischer Gesellschaftsroman trifft auf seelenfressende Geisterjäger" sou huet den Tom Hillenbrand dem David Mitchell säi Roman beschriwwen.
De Virwëtz war also gestëppelt!

Die Knochenuhren ass a 6 Bicher ënnerdeelt, déi een Haaptpersonnage, d'Holly Sykes, duerch säi Liewe begleeden. Am éischte Bucht, dat 1984 spillt, huet d'Holly grad emol 15 Joer, an hat decidéiert vun doheem fortzelafen fir bei sengem Frënd vu 24 Joer eranzeplënneren. Dee Plang geet net op, mä d'Holly wëll trotzdem net méi heem. Op sengem Wee begéint hat enger jonker Koppel déi him weiderhëllefen an hat bei sech ophuelen. Mä da geschitt eppes wat dem Holly säi ganzt Liewe verännere wäert. Zwou Gruppe vun Onstierflechen bekrichen sech zënter Jorhonnerten, an d'Holly geréit an dee Konflikt eran, ouni wierklech ze wëssen, wat do geschitt. An den nächste 5 Bicher, déi tëscht 1991 an 2043 spillen, réckelt all Kéiers en anere Personnage an de Mëttelpunkt, just d'Holly ass ëmmer präsent.

Eigentlech kéint Jidfereent vun de 6 Bicher fir sech geholl als Roman fonktionnéieren. Den Teenager dee vun doheem fortleeft am éischte Buch, am zweete Buch de Cambridge-Student dee seng Séil verkeeft, de Krichsreporter dee sech tëscht senger Aarbecht a senger Famill decidéiere muss oder de Schrëftsteller deen eppes Ongeheierleches mécht fir sech un engem Kritiker ze rächen. Den Tom Hillenbrand trëfft mat senger Ausso  "Britischer Gesellschaftsroman trifft auf seelenfressende Geisterjäger" genee de Punkt: mat Momenter réckelen déi iwwernatierlech Elementer e bëssen an den Hannergrond. Wien déi Onstierflech wierklech sinn a wat fir eng Ziler si virun Aen hunn, gëtt een eréischt am fënnefte Buch méi am Detail gewuer.

Wat dem David Mitchell säi Roman auszeechent ass déi Manéier wéi hien déi eenzel Erzielsträng zu engem Ganzen zesumme bréngt. Dobäi wiesselt hien mat enger beandrockender Liichtegkeet tëscht ganz verschiddenen Epochen a  Milieuen, vun der englescher Klengstad an den 80er Joren, e Bommenattentat am Irak, Chrëschtdag an de Schwäizer Alpen bis bei eng postapokalyptesch Visioun vum ländlechen Irland am Joer 2043.

RTL

© Sceptre Books

Dobäi ass et net déi éischte Kéier wou den David Mitchell an engem vu senge Romaner esou e grousse Bou schléit. "Die Knochenuhren" ass 2014 erauskomm, mä säi wuel gréisste Succès geet op d'Joer 2004 zeréck wou e mat sengem "Cloud Atlas" (däitschen Titel: "Der Wolkenatlas") op d'Shortlist vum renomméierte Booker Prize koum. Dëst Buch gouf 2012 verfilmt. Och hei sinn et 6 Geschichten déi op den éischte Bléck näischt mateneen ze dinn hunn, déi awer no an no zesummefléissen. Fir den 20sten Anniversaire vum "Cloud Atlas" ze feieren huet de Verlag elo eng nei Editioun erausbruecht. 
Dat Buch steet nach op menger Lieslëscht an nodeems ech vun "Die Knochenuhren" begeeschtert war, wäert ech sécher net nach eng Kéier esou laang waarden fir et an Ugrëff ze huelen!
Den David Mitchell (net ze verwiesselen mam Comedian David Mitchell) ass 1969 zu Southport an England gebuer an huet un der University of Kent Literatur studéiert. Hien huet a Sizilien an a Japan gewunnt a lieft elo mat senger Famill an Irland.

"The Bone Clocks" an "Cloud Atlas" sinn am engleschen Original bei Sceptre Books erauskomm.