D'Geschicht vun enger vun den erfollegräichste Bands op der Welt

Nickelback ass awer och eng vun de meescht gehaasste Bands op dësem Planéit.
D'Kanadier ronderëm den Chad Kroeger hu mat hirem drëtten Album "Silver Side Up" a virun allem der Single "How You Remind Me" den internationalen Duerchbroch gepackt.
Ma mam Succès ass awer och Näid an Haass komm.
Wou kënnt deen Näid an deen Haass hier? Wéi geet een als Grupp domat ëm?
Den Documentaire Hate To Love Nickelback liwwert Äntwerten.
De Film gouf d'lescht Joer um Toronto Film Festival virgestallt a kënnt elo fir zwee Deeg an d'Kinoe ronderëm de Globus, also och zu Lëtzebuerg.
E Mëttwoch 27. Mäerz sinn zwou Seancë geplangt, eng um 19.30 Auer am Kinepolis Kierchbierg an eng um 20.00 Auer am Kinepolis Belval.

Mir hunn Iech eng Koppel fir d'Virstellung am Kinepolis Belval um 20.00 Auer reservéiert.
Dofir musst Dir just eng kleng Fro beäntwerten: Wéi heescht de Sänger vun Nickelback?
Schéckt eis déi richteg Äntwert an engem SMS op de 62468 fir 50 Cents de Message.
E Méindeg 25. Mäerz ginn et och nach Ticketen um Radio ze gewannen.