Musek gëtt ëmmer méi einfach an "ech-bezunn"
Eng Grupp däitsch-éisträichesch Fuerscher hu méi wéi 350.000 Lidder vun de leschte Joerzéngten ënnersicht.
Musek ass fir vill Leit aus dem Alldag net ewechzedenken. Scho moies an der Dusch, um Wee fir op d'Aarbecht oder beim Sport. Bei deene meeschte leeft Musek am Hannergrond, oder gëtt ganz bewosst gelauschtert.
Eng Ekipp vun däitschen an éisträichesche Fuerscher wollten erausfannen, wéi d'Musek an de leschte fënnef Joerzéngte sech entwéckelt huet. Heivir goufe méi wéi 350.000 englesch Lidder aus fënnef verschiddene Museksgenren ënnersicht. Ënnert anerem den Text vun de Lidder, wéi och d'Emotiounen, déi se ausléisen, goufe méi konkret analyséiert.
Der Etüd no si besonnesch d'Texter vu Lidder aus dem Pop-Beräich iwwert déi lescht Joerzéngte méi einfach a méi verständlech gi sinn. Dat an dem Sënn, dass an engem Lidd verschidde Sätz ëmmer rëm widderholl ginn, esou dass an engem Lidd prinzipiell manner Text ass.
Wat d'Emotiounen ugeet, sou sinn d'Texter iwwert déi lescht 50 Joer ëmmer méi negativ a méi perséinlech ginn. E gutt Beispill sinn d'Lidder vun der Popsängerin Taylor Swift, déi bekannt dofir ass, hir fréier Bezéiungen an hire Lidder ze veraarbechten. Och verschaffe Museker aus der Pop-Zeen Erfarunge mat Drogen, psycheschen Erkrankungen oder kierperlech Onsécherheeten an hirer Musek.
Fir d'Etüd goufen och Leit dozou befrot, wéi si d'Entwécklung vun der Musek an de leschte Joerzéngten observéiert hunn. Dobäi ass erauskomm, dass Country-Fans d'Musekstexter vun haut besser fannen. Rock-Begeeschterter schwieren awer éischter op Musek an d'Texter vu fréier.
D'Musek vu fréier ass also net fir jiddereen déi Bescht, mee läit vu Mënsch zu Mënsch of a ka mam Genre zesummenhänken, deen ee lauschtert.