Den Theaterkollektiv "Independent Little Lies" ass fir seng neiste Produktioun déif an déi nordesch Mythologie agedaucht.

"Nornen" heescht d'Stéck, an deem d'Regisseure Jacques Schiltz a Claire Wagener déi mythologesch Traditioun mam moderne Storytelling verbannen. D'Sandy Elsen war bei deene leschte Prouwen am Ariston zu Esch dobäi.

Erzielt gëtt déi epesch Geschicht vun den Nornen – de Schicksalsgëttinne vun der Vergaangenheet, der Géigewaart an der Zukunft – déi der nordescher Mythologie no de Liewensfuedem vun de Gëtter an de Mënsche spannen.

De Regie-Duo, wéi och déi dräi Nornen, gespillt vun de Schauspillerinne Frédérique Colling, Catherine Elsen an Anne Klein, setze sech an dëser Kreatioun intensiv mat der Fro auserneen, wéi eng Geschichten et iwwerhaapt nach derwäert sinn, erzielt ze ginn an op wéi eng Manéier ee se am beschten erzielt. Eng kritesch Geschicht iwwer de Prozess vum Geschichten-Erzielen, an där et och ëm den Theater selwer geet. En Domaine, an deem sech iwwer d'Jore sou vill verschidden Erzielstrukture gebilt hunn, dass dee klassesche Storytelling oft lénks leie gelooss gëtt.

Vun e Mëttwoch u bis e Sonndeg inclus ass "Nornen" am Ariston zu Esch ze gesinn. De 26. Abrëll stinn d‘Schicksalsgëttinnen dann op der Bün vum Cube 521 zu Maarnech.