Zeechnung vum Michelangelo zu New York versteet

© ANGELA WEISS / AFP
201.600 Dollar hat e klenge gielen Ziedel, op deen e Quadrat gekrozelt war, bei enger Stee vum Auktiounshaus Christie's zu New York abruecht.
Den exorbitante Präis dierft sech duerch den Auteur vun der Zeechnung erkläre loossen. Bei dësem soll et sech nämlech ëm de berüümte Renaissance-Moler Michelangelo handelen.
Den Experte vu Christie's no soll de Michelangelo de Croquis gemoolt hunn, wéi hien de Plaffong vun der sixtinescher Kapell gemoolt huet. Deemno kéint et sech beim Quadrat op der Zeechnung ëm e Block aus Marber handelen. Am Quadrat steet dat italieenescht Wuert "simile", wat "änlech" bedeit.
D'Bild war zesumme mat engem Bréif, dee vum Michelangelo sengem leschten direkte Nokomme Cosimo Buonarroti geschriwwe gouf, op der Récksäit vun enger Billerrumm fonnt ginn. De Buonarroti hat de Bréif 1836 un de Sir John Bowring geschriwwen, fir him d'Zeechnung vu sengem berüümte Virfar ze verkafen.
Obwuel d'Zeechnung net vum Michelangelo signéiert ass, hätte Fuerschungen den Experte vu Christie's no gewisen, dass se vum Renaissance-Meeschter staamt.