Ouverture a Presenz vu Kulturminister an ierfgroussherzoglecher Koppel

© Riccardo Banfi
Den Andrea Mancini stellt mam Kollektiv "Every Island" aus.
Den 18. Abrëll ass de Lëtzebuerger Pavillon op der 60. Editioun vun der Biennale zu Venedeg offiziell inauguréiert ginn, dat a Presenz vun der ierfgroussherzoglecher Koppel, dem Kulturminister Eric Thill an iwwer 400 aneren nationalen an internationalen Invitéeën.
De Projet "A Comparative Dialogue Act" vum Andrea Mancini an dem Kollektiv "Every Island" ass wéi eng Infrastruktur geduecht, wou d'Vermëttlung vum Sound am Vierdergrond steet. Et ass awer och en Espace, dee gedeelt gëtt. Et geet drëm, eng kollektiv Kreativitéit mat Hëllef vu Sounds méi déif z'exploréieren. Am Kader vun engem Residenzprogramm, dee sech iwwert déi gesamt Zäit vun der Biennale zitt, wäert de Lëtzebuerger Pavillon sech an e Produktiounsraum verwandelen. De Pavillon gëtt esou zu engem experimentelle Feld a weist gläichzäiteg de Prozess vum Wierk. Beim Projet geet et drëm, verschidde Sproochen akustesch z'erfuerschen an eng Reflexioun ausserhalb vum Visuellen unzekuerbelen.
D'Kënschtler, déi fir de Projet invitéiert sinn, kommen aus Frankräich, der Tierkei, Spuenien a Schweden an entwéckelen e Virschlag, dee sech perfekt mam Thema vun dëser Biennale, nämlech "Foreigner Everywhere", auserneesetzt.
De Lëtzebuerger Pavillon zu Venedeg gouf vu Kultur | lx, zesumme mam Mudam organiséiert. D'Curatioun vun der Ausstellung huet d'Joel Valabrega aus dem Mudam iwwerholl.
"Si hunn en Team forméiert, mat 4 Artisten aus 4 verschidde Länner. Fir dëse spezifesche Projet ass de Kreatiounsprozess genau sou wichteg wéi d'Resultat. Et ass eng formidabel Erfarung an Zäite vun Divisioun a Polarisatioun", sou d'Bettina Steinbrügge, Direktesch vum Mudam.
Vum 20. Abrëll bis de 24. November ass de Lëtzebuerger Pavillon mam Projet " A Comparative Dialogue Act" am Arsenale zu Venedeg ze gesinn.