De Festival, wou d'Liesen zum Erliefnis gëtt!

E Freiden 19. Abrëll huet déi 12. Editioun vum LiteraTour an der Beetebuerger Gemeng ugefaangen. Et gouf och fir dës Kéier e Programm fir Grouss a Kleng op d'Bee gestallt. "Dee Festival, wou d'Liesen zum Erliefnis gëtt", heescht et.
Et geet een op Tour duerch d'Welt vum Buch, vum Theater an der Konscht . Bis den 28. Abrëll kann ee vun engem ofwiesslungsräiche Programm profitéieren.
Ee vun den Highlighten ass d'Carte Blanche vum Kaleidoskop Theater op der Sich no Texter fir d'Theaterbün. De Patrick Hurt vum Kulturservice vun der Beetebuerger Gemeng erkläert:
"Si hunn en Opruff gemaach fir Texter a Skripten ze kréien, awer speziell fir Theaterstécker dëst Joer an do ass dann och am Kader vum Literatur eben déi Carte Blanche, wou dann déi verschidden Auteure mat hire Stécker kommen an déi virstellen. Bësse Chance fanne mer dann och do ee Stéck, wat d'nächst Joer am Kaleidoskop senger Saison ka gespillt ginn."
Ervirzehiewen ass och en Erënnerungspad fir déi wichtegst Momenter aus der Zäit vum 2. Weltkrich nozegoen.
"Do hu mer och e ganze Projet ronderëm lafen an do wäert och eng Publikatioun eeben entstoen, och am Kader vum Literatur an do hu mer dann och eng Expo an eng Konferenz iwwert dat Theema."
Op enger Concert-Konferenz mam Museker an Historiker Guy Schons sinn d'Vollekslidder an -dänz aus der Renaissance a fréier Neizäit am Mëttelpunkt. Da gëtt et e Quiz-Owend an och d'Fest vum Buch, den 21. Abrëll zu Hunchereng.
"Wou mer Liesungen dee ganzen Dag offréieren an dann och am grousse Festsall eng Jett, eng 30 Bicherstänn mat Bicherediteuren, Initiativen da proposéieren."
Et kann een nach ernimmen, datt et eng Jett Liesunge ginn, esou ass de Schrëftsteller Jemp Schuster mat sengem Buch Béischten do, déi däitsch Schrëftstellerin Margret Steckel,déi d'lescht Joer de Prix Batty Weber krut, de Literaturkritiker Denis Scheck mat sengem Best of Druckfrisch, de Literaturpräis 'Prix Laurence' gëtt verdeelt. Eng gutt Adress fir de ganze Programm ze gesinn ass de Literatour.lu
"Do fannt Dir am Fong geholl alles, wat mer do proposéieren iwwer Expo, iwwer Trëppeltier, literaresch Trëppeltier, Theaterstécker fir grouss a kleng, klassesch Liesungen, Konferenzen, voilà."