D'Palästinenserin Inas Abu Maamar (36) ëmäerbelt deen an e wäisst Läinduch gewéckelte Kierper vun hirer Niess Saly (5).

Dat klengt Meedchen, seng Mamm a seng Schwëster sinn ëmkomm, wéi eng israeelesch Rakéit hiert Haus zu Chan Yunis, an der Gazasträif getraff huet.

Fir dës beweegend Momentopnam gouf dee palästinensesche Fotojournalist Mohammed Salem (geb. 1985) vun dem renomméierte Jury vum World Press Photo Concours mam éischte Präis ausgezeechent. De Jury huet vun engem ergräifenden "Abléck an onermiesslecht Leed" geschwat.

De 17. Oktober 2023, also zéng Deeg no der Hamas-Attack op Israel, hat de Mohammed Salem d'Foto fir d'Noorichtenagence Reuters gemaach. Hie war deen Ament an der Morgue vum Nasser-Spidol, wou Awunner vun Chan Yunis no vermësste Familljememberen gesicht haten. "Et war ee staarken an traurege Moment, deen zesummefaasst, wat an der Gazasträif geschitt", sou de Fotograf.

Nieft dem Mohammed Salem goufe weider 32 Fotografen fir Aarbecht ausgezeechent. 3.851 Fotografen a Fotografinnen aus 130 Länner haten dëst Joer um Concours deelgeholl. 61.062 Fotoen goufen am Ganzen agereecht.

All déi priméiert Fotoen ginn an enger Ausstellung gewisen, déi an iwwer 60 Länner weltwäit ze gesinn ass. Sou z.B. vum 19. Abrëll bis de 14. Juli an der Nieuwe Kerke zu Amsterdam.

www.worldpressphoto.org