Stitt als Sänger an engem Chouer mat Mutiny On The Bounty op der Bün

© RTL Archiv
Fir den Optakt vun de Festivitéiten am Kader vu "40 + 1 Joer Kulturfabrik" wäert déi bekannt Lëtzebuerger Band Mutiny On the Bounty e Concert spillen.
Bei dësem Optrëtt wäerte si op der Bün vun engem Chouer begleet ginn, fir deen d'Band nach motivéiert Persoune vun all Alter sicht.
Gesicht gi Persounen, déi eng Virléift fir experimentelle Rock, Math-Rock a Post-Rock hunn, déi Nouten a Partitioune liese kënnen an déi Zäit hunn, fir den 28. an 29. September ze prouwen an de 4. Oktober zesumme mat der Band opzetrieden.
Wien interesséiert ass, ka sech nach bis den 31. Mee iwwert en Online-Formulaire umellen.
Déi definitiv Selektioun vun de Sänger wäert am Kader vun Auditiounen an der Kufa gemaach ginn. De geneeën Datum ass nach net bekannt, ma d'Auditioune wäerte viraussiichtlech Mëtt bis Enn Juni sinn.