Vu baussen erkennt een de Mudam direkt erëm. Seng Architektur hat scho vu sech schwätze gedoen, wéi d'Steng nach net all openee louchen.

Sécher ass: de Mudam gehéiert zu de markantste Gebaier um Kierchbierg. Bannena fënnt een awer nieft den Ausstellungsraim nach eng aner Welt. Do, wou d'Konschtwierker a Kollektioune stockéiert sinn a wou Installatioune fir Ausstellunge preparéiert ginn. Donieft gëtt et nach historesch Decouvertë vun dem ganz spezielle Site op den Dräi Eechelen. Mir huelen Iech mat hannert d'Kulisse vum grousse Musée.