Et ass den éischte Musical, deen d'Kulturhaus selwer produzéiert.

"The Last Five Years" ass vum amerikanesche Musical Komponist an Dramaturg Jason Robert Brown. Hien huet souwuel d'Buch wéi och d'Lidder geschriwwen an d'Geschicht ass inspiréiert qu sengem éischte gescheiterte Bestietnis.

D'Show ass en zwou Persoune Musical, dat d'Relatioun aus zwou verschidde Perspektiven erzielt. Den Narrativ vum Jamie, deen hei vum Michael Souscheck gespillt gëtt, erzielt vum Ufank a geet da weider duerch d'Bestietnis, de Säitesprong an d'Scheedung. Den Narrativ vum Cathy, interpretéiert vum Jil Clesse, fänkt mam Schluss vun der Bezéiung un an hält mat der Koppel hirem éischten Date op. Eng direkt Interaktioun tëschent deenen zwee gëtt et just an der Mëtt vum Stéck, wou et ëm d'Hochzäit geet.

RTL

© DR

Di zwee sinn an hiren Zwanzeger a stinn um Ufank vun hirer berufflecher Karriär. D'Cathy dreemt dovunner eng erfollegräich Schauspillerin ze ginn an den Jamie wëll e grousse Schrëftsteller ginn. Si si verréckt noeneen, mee den Drock an hire Beruffer, wéi och ongesond Ugewunnechte si grouss Erausfuerderunge fir hir Bezéiung.

Den 1. an 2. Mee kann een de Musical "The Last Five Years" an de CAPE op Ettelbréck kucke goen.