De Lëtzebuerger Moler Fernand Roda lieft a schafft zu Düsseldorf.

Et ass an der däitscher Stad, wou hie vun 1971 bis 1977 op der Kunstakademie Düsseldorf studéiert huet. Hie war deemools Student vum Aktiounskënschtler Joseph Beuys.

RTL

© Fernand Roda

Mat der Ausstellung "Bëscher" an der Valerius Gallery an der Stad weist de Fernand Roda seng ganz rezent Wierker. De Kënschtler beschäftegt sech mam Thema Natur op eng ganz abstrakt Manéier an exploréiert esou de Sujet an all senge Facetten. Seng Wierker si markéiert duerch Verzerrungseffekter, déi hie mat Hëllef vu Pigmenter an Ueleg erschaaft. D'Resultat ass immens faarweg an domat huet de Fernand Roda seng ganz eegen Handschrëft an der Molerei iwwert di  lescht Joerzéngten entwéckelt.

De Vernissage vun der Ausstellung "Bëscher" vum Fernand Roda ass den 2. Mee an der Valerius Gallery. D'Ausstellung kann een dann duerno nach bis den 1. Juni kucke goen.