Donneschdes nach Prouf an der Rockhal, freides am Fliger fir op Malmö
En Donneschdeg war déi lescht Prouf zu Lëtzebuerg an der Rockhal, déi nächst Kéier steet d'Tali dann an der Malmö Arena op der Bün fir ze üben.
A genee dohin ass d'Tali e Freideg geflunn.
Eise Fotograf Steve Müller war net just bei der leschter Prouf an der Escher Rockhal mat senger Kamera mat dobäi, hien huet d'Tali och um Findel begleet.
E Freideg goung d'Rees lass vu Lëtzebuerg a Richtung Schweden. De 7. Mee steet d'Tali jo an der éischter Halleffinall vum Eurovision Song Contest op der Bün a stellt sech senge Konkurrenten.
RTL ass live fir Iech mat dobäi a streamt béid Halleffinallen de 7. an 9. Mee souwéi d'Finall den 11. Mee an dat multilingual op all eise Plattformen.

© Eric Lehmann