Den amerikanesche Rapper stoung en Donneschdeg mat op der Bün beim NFL Draft zu Detroit, wou hien och op e Release vum Album fir dëse Summer geteased huet.

Méi wéi véier Joer ass et hier, zënter deem de leschten Album vum Eminem "Music to Be Murdered By" op de Marché komm ass. Dëse war dem Museker säin zéngten Nummer 1 Album an den USA, e Succès, deen de Rapper just mat 9 weideren deelt.

Elo huet hie säin 12. Album wärend dem NFL Draft zu Detroit perséinlech annoncéiert. D'Existenz vum Album gouf schonns am Mäerz vum Artist Dr. Dre wärend sengem Optrëtt bei der Talk-Show "Jimmy Kimmel Live" opgedeckt. Den Dr. Dre hat deemools verroden, datt den Eminem nach virum Enn vum Joer 2024 nei Musek rausbrénge géing.

Och schonns viru sengem Optrëtt op der Bün beim NFL Draft hat den Eminem op senge Socials ee Video gepost, an deem hien, souwéi och de Rapper 50-Cent, ze gesi waren. De Video weist een Detektiv, deen dem Mord vum "Slim Shady" op de Spueren ass, alles an engem méi humorvollen Toun. Den neien Album "The Death of Slim Shady (Coup de Grâce)" gouf deemno zanter längerem ëmmer rëm ugeschwat.

Ee weidere witzege Videoclip gouf mat Hëllef vum Roger Goodell an NFL-Spiller produzéiert, an deem dem Rapper, e grousse Fan vun den "Detroit Lions", seng Participatioun beim NFL-Draft-Opening geteased ginn ass.