Hie war de leschten nach liewege Grënnungsmember vun der Rockband "The Moody Blues": Am Alter vun 82 Joer ass de Mike Pinder gestuerwen.

Wéi d'Washington Post schreift, huet de Bouf vum Mike Pinder, den Daniel Pinder, den Doud vu sengem Papp confirméiert. Deemno ass de Museker am Alter vun 82 Joer a sengem Haus bei Sacramento a Presenz vu senger Famill gestuerwen.

1964 huet de Pinder zesumme mam Graeme Edge, dem Ray Thomas, dem Clint Warwick an dem Denny Laine déi brittesch Band "The Moody Blues" gegrënnt. 1965 goufe si du mat hirer Coverversioun vun der Bessie Banks' Ballad "Go Now" berüümt. Ee vun hire bekanntste Lidder "Nights in White Satin" war 1967 eigentlech schonn erauskomm, hat awer nëmme wéineg Erfolleg. Wéi de Song dunn 1972 nach eng Kéier an d'Charts koum, huet e sech zwou Woche laang op Plaz 2 vun den US-Charts gehalen.

De Mike Pinder war als Sänger, Songwriter a Keyboarder d'Häerzstéck vun der Band. Zesumme mam Laine huet hie vill vun de fréieren originale Lidder vun der Band geschriwwen. Wéi op der Facebook-Säit vun de Moody Blues ze liesen ass, waren dem Mike Pinder "seng lescht Deeg gefëllt mat Musek, ëmgi vun der Léift vu senger Famill".