Den däitsche Realisateur a Mann vun der Schauspillerin Senta Berger ass schonn e Méindeg no kuerzer, ma schwéierer Krankheet gestuerwen.

Dat huet seng Famill der Däitscher Presse-Agentur DPA matgedeelt.

De Verhoeven zielt ronn 60 Film- an Tëleesproduktiounen zu senge Wierker, dorënner Filmer wéi "Die weiße Rose" (1982), "Semmelsweis Ignaz - Arzt der Frauen" (1987/1988), "Schlaraffenland" (1990), "Das schreckliche Mädchen" (1990) oder "Der unbekannte Soldat" (2005/2006).

De Film "Das schreckliche Mädchen" war och fir en Oscar nominéiert.

Bestuet war hie mat der däitscher Schauspillerin Senta Berger, an dat zanter dem 26. September 1966.