Fir ze schudderen an ze schmaachen!
Dëse Musée ass näischt fir zaart Gemidder: Vu Schofsaenzopp iwwer Schlaangen am Räiswäi bis Mierschwéngchen um Spiiss. Den Disgusting Food Museum mécht sengem Numm all Éier!
Allerdéngs geet et hei net just drëms, d'Leit ze schockéieren, villméi wéilt ee weisen, wéi ënnerschiddlech d'Goûte jee no Kulturkrees kënne sinn.
Bescht Beispill: déi sténkeg Durian-Fruucht aus den Tropen! Wärend et fir Europäer éischter eng Muttprouf ass, d'Fruucht ze schmaachen, ass se an Asien immens populär. Allerdéngs ass et wéinst der Fruucht hirem strenge Geroch do deelweis verbueden, se z'iessen.
Der Directrice vum Disgusting Food Museum no gëtt et de Visiteuren awer meeschtens bei enger eis wuelbekannter Spezialitéit schlecht: Dem Foie Gras. Firwat? Dat gesitt der am Reportage, wou mer Iech nach weider ongewinnte Spezialitéiten aus aller Welt weisen. Munch Exponater ginn och op ganz speziell Aart a Weis konservéiert. E puer honnert Meter vum Checkpoint Charlie fënnt een dëse kulinareschen Horrorcabinet.