De Message e Samschdeg ass kloer: "Mir si prett!" D’Saison am Hollerecher Schluechthaus huet offiziell ugefaangen.

Iwwert de ganze Weekend, bis e Sonndeg den Owend, gëtt mat Ateliere probéiert, de Grand-Public unzelackelen an ze weisen, wéi kreativ de Site wierklech ass, erkläert de Nico Schlessel vum Hollerecher Skatepark:

"Net nëmmen a punkto skaten, BMX oder Rollerblades. Och dobausse mat de Graffitien. Do hu mer och ganz vill Kënschtler, déi heihinner kommen a Saachen ausprobéieren. Mir hunn och ëmmer nees Leit déi Museksvideoen heihinner filme kommen – och wéinst de Graffitien."

Ma net ëmmer war d'Hollerecher Schluechthaus e kreativen Eck. Mir spulle kuerz zeréck. Enn de 90er huet d'Verwaltung vum Skatepark am Kader vun engem Skatecontest e Graffiti Jam organiséiert. D'Haal sollt vu banne bemoolt ginn. D'Mauere bausse waren deemools nach ganz wäiss. Séier gouf d'Plaz enk an d'Kënschtler hunn och dobausse mat Molen ugefaangen. Wéi d'Vanessa Cum, kulturell Coordinatrice vun der Stad Lëtzebuerg erkläert wier dat souzesoen den Ufank vun der Lëtzebuerger Graffiti-Zeen gewiescht gewiescht: "An doduerch ass iwwerhapt emol eng richteg Graffiti-Zeen hei am Land entstanen. De Site huet en immens héije Wäert, och op internationalem Plang. Et si vill vill renomméiert Kënschtler, och aus dem Ausland, déi hei stoe bleiwe fir hiert Wierk ze hannerloossen."

Gesprayt gëtt zu Lëtzebuerg zanter de 70er. Awer réischt Enn den 90er, zesumme mat der Skate-Zeen, fänkt d’Konscht ronderëm d’Spraydous un, sech hei am Land ze entfalen. D’Schluechthaus zu Hollerech war laang eng vun de beléiftste Plazen. Och den Thomas Iser, bekannte Graffiti-Kënschtler ass ëmmer nees gären hei: "Et ass einfach de wichtegste Site zu Lëtzebuerg fir d’Graffiti-a Skate-Zeen. Ech war am Ufank net hei fir ze sprayen. Mä ech hunn och schonn Zäit op de Skate-Rampen hei verbruecht."

Déi nächst Jore gi sech d'Hänn uerdentlech knaschteg gemaach. De Site zu Hollerech soll nämlech weider revaloriséiert ginn. D'Schluechthaus kritt e komplett gliesenen Daach. D'Konstruktioun geet iwwert de ganze bebauten Deel vum fréieren Industrie-Site. De gréissten Deel vun  de Schluechthaus-Gebaier stinn ënner Denkmalschutz. Duerch de gliesenen Daach sollen déi al Gebaier protegéiert ginn. De Sportsdeel gëtt an der Gréisst verdräifacht, erkläert d‘Vanessa Cum:

"Et ass immens spannend. Mir si grad an deem Stade ze probéieren, dat beschten aus dem Projet erauszehuelen. De Site huet immens vill Potential. Mir maachen aktuell nach e puer Etüden an hoffen, an der noer Zukunft mat den Ëmbau-Aarbechte kënnen unzefänken. De Chantier wäert an zwou Phase lafen ,fir datt d’Aktivitéiten hei um Site kënne weidergefouert ginn."

Mat vill Optimismus kéint et an 2 Joer scho lassgoen. Ma bis dohi gëtt zu Hollerech monter weider Skateboard gefuer a gesprayt.