Et gëtt kaum eng aner Science-Fiction-Franchise, déi ee vergläichbaren Impakt op d'Popkultur hat. Rieds geet vu Star Wars, engem Weltraum-Eepos, dee schonn zanter Joerzéngte Kleng a Grouss begeeschtert, ma och mol d'Gemidder spléckt.

"A long time ago in a galaxy far far away" (lëtzebuergesch: Viru laanger Zäit an enger Galaxie wäit ewech) heescht et um Ufank vun all Star-Wars-Film, ier den ikonesche Schrëftzuch mat der Erklärung vun der Handlung an der onverkennbarer, vum John Williams komponéierter, Titel-Musek iwwer den Ecran leeft. "Virun enger laanger Zäit..." trëfft et entretemps ganz gutt: den alleréischte Star-Wars-Film - haut bekannt ënnert dem Alternativtitel "A New Hope" (lëtzebuergesch: Eng nei Hoffnung) - ass de 25. Mee 1977 an d'Kinoe komm, dat ass mëttlerweil 47 Joer hier.

D'Handlung vu Star Wars Episod IV: A New Hope kuerz zesummegefaasst

De Realisateur George Lucas, deen och d'Dréibuch geschriwwen huet, hat bis zum deem Zäitpunkt gréisstendeels Kuerz- an Dokumentarfilmer gedréint. Säi Spillfilm "American Graffiti" vun 1973, gouf iwwerraschenderweis zu engem kommerzielle Succès an huet dem Lucas eng Reputatioun bannent dem Filmgeschäft verschaf, déi d'Realisatioun vum éischte Star-Wars-Film erméiglecht huet. D'Produktioun gouf vun enger Rei Probleemer an Onstëmmegkeete mam Filmstudio 20th Century Fox begleet. Besonnesch mat de Spezialeffekter gouf et Schwieregkeeten, dës ware fir déi deemoleg Zäit nämlech immens schwéier ze realiséieren. Och gouf den accordéierte Budget iwwerschratt an de Film konnt net wéi geplangt fir Chrëschtdag 1976 verëffentlecht, mä huet mussen op Summer 1977 verréckelt ginn. Star Wars gouf trotzdeem fir déi deemoleg Zäit zum erfollegräichste Long-métrage an der Filmgeschicht a gouf bei der Oscar-Präisiwwerreechung vun 1978 an 11 Kategorien nominéiert, vun deenen en insgesamt 7 gewanne konnt.

Well d'Dréiaarbechten den George Lucas psychesch wéi kierperlech enorm belaascht hunn, gouf d'Regie fir d'Fortsetzungen "The Empire strikes back" (1980) an "Return of the Jedi" (1983) vum Irvin Kershner, respektiv dem Richard Marquand iwwerholl. De Lucas selwer huet sech u Produktioun an Dréibuch bedeelegt. Och dës Filmer waren immens erfollegräich, "The Empire strikes back" gëllt ënner ville Kritiker a Fans als de beschte Film aus der Rei.

Entspriechend grouss waren d'Erwaardungen un d'Prequel-Trilogie, also den 3 Filmer, déi d'Virgeschicht zur Original-Trilogie erzielen. Den éischten heivunner "The Phantom Menace", d'Episod I an der Weltraum-Saga, ass 1999 rauskomm, also 16 Joer no "Return of the Jedi". De massiven Asaz vu CGI, déi (fir Kanner) komplizéiert Rummhandlung an "ze kannereg" Charaktere wéi den Jar Jar Binks gi vu Fans haut éischter negativ bewäert, och wann déi initial Reaktiounen op d'Première däitlech méi positiv gewierkt haten.

Och d'Episoden II (Attack of the Clones, 2002) an III (Revenge of the Sith, 2005) hate mat änlecher Kritik ze kämpfen, woubäi och d'Dialoger als grousse Schwaachpunkt ugesi goufen. Trotz hirer ëmstriddener Stellung am Star-Wars-Universum konnten och d'Prequels vill Suen aspillen. Fir eng Fortsetzung vun der Original-Trilogie, hu sech d'Fans du weider 10 Joer musse gedëllegen. Do virdrun hat awer nach eng aner wichteg Nouvelle fir Fureur gesuergt.

 Star Wars an der Disney-Ära

2012 keeft d'Medienentreprise Walt Disney dem George Lucas seng Produktiounsfirma Lucasfilm an domadder all d'Rechter fir d'Star-Wars-Filmer fir 4 Milliarden US-Dollar. D'Decisioun polariséiert, och well eng Rei Fans besuergt doriwwer sinn, wéi sech de Produit ënner Disney an Zukunft weiderentwéckele wäert. U Star-Wars-Contenu sollt et op alle Fall net feelen, zanterhier sinn nieft den 3 Filmer aus der Sequel-Trilogie nämlech och nach 2 weider Spin-Off-Filmer an 11 Serien - dorënner 6 animéiert - erauskomm. Net ze schwätze vun den onzielege Videospiller, Spillsaachen a weidere Fanartikelen - déi et och scho virun der Disney-Iwwernam gouf - an e groussen Undeel um Benefice vun der Franchise hunn.

Ofgesi vun der inhaltlecher Kritik u Filmer a Serien, liwwert Star Wars an der Disney-Ära allerdéngs och immens vill politeschen Zündstoff. Besonnesch vum rietse Bord kréien déi nei Filmer a Serien dacks virgeheit, lénks oder "woke" Agendaen ze pushen. Dat well ëmmer méi weiblech oder ethnesch méi diversifiéiert Charakteren an de Vierdergrond gestallt ginn, wéi zum Beispill déi jonk Jedi-Ritterin Rey (gespillt vum Daisy Ridley) oder den iwwergelafene Stormtrooper Finn (gespillt vum John Boyega) aus der Sequel-Trilogie. Datt weiblech (Prinzessin Leia, Padmé) oder schwaarz (Mace Windu, Lando Calrissian) Charakteren och schonn an der Original- a Prequel-Trilogie wichteg Rolle gespillt hunn, gëtt dobäi gäre mol vergiess.

Och zu Lëtzebuerg ginn et begeeschtert Star-Wars-Fans

D'Faszinatioun ronderëm Star Wars ass e weltwäite Phänomeen, dat beweisen net nëmmen déi massiv Recetten aus Kino a Merchandising, ma och déi sëlleg Fanclibb, an deene Fans zesummekommen, fir sech iwwert hir Passioun auszetauschen. Esou och zu Lëtzebuerg, wou sech beispillsweis mam Luxembourg Star Wars Collectors Club (kuerz: LSWCC) passionéiert Sammler vu Star-Wars-Artikele fonnt hunn. Een dovunner ass de Serge Nickels, deen de Club 2011 mat zwee anere Kolleege gegrënnt huet. Seng Leidenschaft fir dem George Lucas seng galaktesch Sci-Fi-Welt geet bis un den Ufank 1977 zeréck:

"Ech ka mech nach ganz gutt erënneren, dass am Fernsee ëmmer den Trailer gelaf ass vum 1. Star-Wars-Film. Doropshin hunn ech mäi Papp gefrot, ob ech dee Film dierf mat him an de Kino kucke goen. Leider war ech ze jonk. Doropshi krut ech awer meng éischt Star-Wars-Actionfigur vu mengem Papp kaf."

Mat der Sortie vun "The Empire Strikes Back" 1980, konnt de Serge Nickels sech säi Wonsch dunn endlech erfëllen an déi fir déi deemoleg Zäit impressionant Biller am Kino op sech awierke loossen. Alles u Star Wars begeeschtert hie scho vu klengem un, ma eng bestëmmt Saach ganz besonnesch:

"Meng richteg Passioun sinn d'Star-Wars-Actionfiguren. Ech sammelen nëmme Vintage-Figuren, déi vun 1977 bis 1983 erauskomm sinn an hu se bal all, awer nëmme bal."

Datt sech zanter der Disney-Iwwernam vill an der Star-Wars-Welt gedoen huet, gesäit och de Serge Nickels esou. Geet et no him, gëtt aktuell vill ze vill Contenu produzéiert:

"Ech hunn d'Impressioun, dee ganzen Zauber geet verluer. Et gëtt een iwwersättegt mat Produiten, dat ass Schued. Fir mech ass dat alles eng grouss Geldmaschinn. Déi méi jonk vun eis gesinn dat villäicht anescht. Ech sinn an de 70er an an den 80er Jore grouss ginn, Filmer zu där Zäit hate kee sou ee grousse Budget a keng Super-Spezialeffekter, mä si haten eppes zauberhaftes a ware mat Häerz a Séil gemaach."

D'Welt, déi den George Lucas erschaf huet, ass zu enger reegelrechter Relioun ënnert de Fans ginn a gëtt bis haut expandéiert, dat och ouni dem Lucas seng Bedeelegung. E Stopp ass net a Siicht: 7 weider Filmer an zwou nei Serien, wéi och nei Staffele vun de Serien "Andor" an "Ahsoka" si fir d'Zukunft geplangt. De 4. Juni geet d'Serie "The Acolyte" bei Disney+ un de Start.

Iwwregens: Obwuel den éischte Film de 25. Mee erauskoum, ass deen Datum net den offizielle Star-Wars-Dag, ma éischter de 4. Mee. De Grond heifir läit an der englescher Aussprooch vum Datum: "May the fourth" klengt nämlech immens änlech wéi de berüümte Jedi-Sproch "May the force be with you", oder op lëtzebuergesch "D'Muecht sief mat der".

RTL

De Serge Nickels ass e passionéierte Sammler vu Star-Wars-Actionfiguen. 2011 huet hien zesumme mat Kolleegen de Luxembourg Star Wars Collectors Club (LSWCC) gegrënnt.