12. Editioun vum Festival "Like a Jazz Machine"

Vum 8. bis den 12. Mee trëfft sech am CCRD opderschmelz nees déi international Jazz-Zeen.
Wärend ganzer fënnef Deeg, feiert den "Like a Jazz Machine"-Festival zu Diddeleng den Jazz an all senge Formen, vum traditionellen Jazz bis hin zu ganz neien Tendenzen. 19 Bands a méi wéi 70 Museker aus der ganzer Welt, dorënner Staren a Nowuesstalenter, presentéieren dem Public op der Schmelz hir aktuellste Projeten.
Mat Optrëtter vun Sun-Mi Hong, Andy Sheppard, Regis Molina, Claire Parsons a Ziv Ravitz, Céline Bonacina an dem villverspriechende Lëtzebuerger Trompettist Daniel Migliosi, huet de Festival och 2024 nees ee villverspriechende Programm ze bidden.
Den Optakt vum Festival maachen d‘Organistin Barbara Dennerlein an de Saxophonist Laurent Pierre den 8. Mee an der St. Martin Kierch.
Den 11. Mee läit de Fokus op de Lëtzebuerger Kreatiounen.
An der "Kantin" stinn dann, ënnert Aneren, de Michel Reis an de Maxime Bender mam Napoleon Gold um Programm, wéi och déi jonk Jazz-Gruppen Jambal an LINQ.
Och an der 12. Editioun versteet sech de "Like a Jazz Machine"-Festival als Plattform fir national an international Kënschtler an Experten an als Bün fir innovativ an eenzegaarteg Live-Performancen.
Dee ganze Programm fannt Dir um Site vum Festival www.jazzmachine.lu