Musikalesch Aventurë fir de jonke Public

© neimënster
Den 12. an 13. Mee invitéiert de Kulturzenter Neimënster nees op de "Big Bang Festival".
Scho fir déi véierte Kéier verwandelt sech d'Abtei Neimënster am Kader vum "Big Bang Festival" an "ee gigantesche Labo fir Klang-Experimenter, accessibel fir Kanner vu 5 Joer un, deen eng breet a spannend Pallett u musikalesche Kreatioune bitt".
Um Programm stinn interaktiv Performancen, visuell Concerten a musikalesch Installatiounen, fir matzemaachen, ze entdecken an ze staunen. Dozou gehéieren zum Beispill eng interaktiv Spillplaz, op där all Schrëtt oder Sprong ee neie Sound kreéiert, d'Oper "Nez qui coule", déi verschidden Deeler vum Gesiicht erfuerscht, an d'Show "Zigoto", an där de Multi-Instrumentalist Rémi Decker live Musek fir Animatiounsfilmer mécht.

© De Spiegel
An en etleche Groussstied am Ausland, wéi Gent, Bréissel, Lille oder Lissabon, ass de Festival schonn zanter Jore fest etabléiert. Hei zu Lëtzebuerg gouf de "Big Bang" 2021 lancéiert.
D'Iddi vun de Grënner, der belscher Compagnie ZONGO, war an ass et, dass Kanner Musek genee esou erliewe kënnen, wéi Erwuessener, wa se op e Concert ginn: a beschter Qualitéit a ganz ouni pedagogeschen Zeigefanger.
Dee ganze Programm an Ticket fir de Big Bang Festival ginn et um Site vum Neimënster www.neimenster.lu.