Kuerz viru sengem Optrëtt stoung den DJ enger RTL-Ekipp Ried an Äntwert.

En Dënschdeg huet sech d'Rockhal nach zu spéider Stonn gefëllt: Um Rendez-vous war de Bob Sinclar. E Star-DJ, dee schonn iwwer 30 Joer mat senger Musek a senge Remixen d'Leit zum Danze bréngt. Mir haten d'Méiglechkeet, hie kuerz viru sengem Optrëtt kennenzeléieren an hu mat him iwwert seng Kanner, seng Musek a seng nei Single geschwat.