Geriicht verurteelt Lëtzebuerger Moler Jeff Dieschburg wéinst Plagiat
Am Prozess vun der Jingna Zhang géint de Lëtzebuerger Moler Jeff Dieschburg gouf et an zweeter Instanz eng Victoire fir déi amerikanesch Fotografin.
De Lëtzebuerger hat 2022 nach an éischter Instanz gewonnen.
Dem Geriicht no violéiert dem Moler säin Tableau "Turandot" d'Autore-Rechter. De Jeff Dieschburg dierf den Tableau an Zukunft net méi ëffentlech ausstellen, soss riskéiert hien eng Strof vun 1.000 Euro den Dag. Bis maximal 100.000 Euro. D'Indemnité de procédure läit bei 1.500 Euro.
D'Jingna Zhang hat dem Lëtzebuerger Kënschtler reprochéiert, seng Ueleg-Molerei "Turandot" eent zu eent vun enger vun hire Fotoe kopéiert a géint den Droit d'auteur verstouss ze hunn. Hien hat d'Bild op der Biennale zu Stroossen ausgestallt an do e Präisgeld gewonnen. D'Affär hat am Summer 2022 Welle geschloen – och iwwer d'Grenzen eraus.