3. Editioun vum Gittar Festival

© AFP (Archiv)
Vum 10. bis den 13. Mee steet am Conservatoire nees alles am Zeeche vun deem beléiftsten Zupfinstrument.
De Lëtzebuerger Gittar Festival, deen 2022 an d’Liewe geruff gouf, ass deen éischte Festival hei am Land, dee sech ganz der klassescher Gittar verschriwwen huet.
Vun e Freideg bis e Méindeg kann een am Conservatoire nees déi ganz Villfalt vum Instrument entdecken.
Déi kënschtleresch Respondabel vum Festival, Hany Heshmat a Josip Dragnić, hunn op en Neits een ofwiesslungsräiche Programm mat weltberüümte Gittaristen zesummegestallt. Nieft Concerte vum Pablo Márquez (Argentinien) an dem Vincent Dubès, kann een och u Masterklassen a Virträg deelhuelen an eng Gittar-Ausstellung kucken.
Och zwee Concourse stinn nees um Programm. Deen nationale Concours fir jonk Gittaristen an den internationale Concours vun der klassescher Gittar.
Deen detailléierte Programm vum Lëtzebuerger Gittar Festival fënnt een um Site www.guitarfestival.lu.
