Trompettist Daniel Migliosi geet mam 2. Album nei Weeër
E Mëttwoch huet déi 12. Editioun vum internationalen Jazz Festival "Like a Jazz Machine" zu Diddeleng ugefaangen.
Et ass eng gutt Geleeënheet, ze weisen, wat déi national an international Jazzzeen haut ze bidden huet. Dobäi ass et och eng Méiglechkeet, generatiounsiwwergräifend Museker an engem Festival ënnerzebréngen. Dorënner och den 19 Joer jonken Trompettist Daniel Migliosi, deen elo scho säin zweeten Album rausbréngt.
Scho mat 8 Joer huet den Daniel Migliosi d'Trompett zu sengem Instrument gemaach. Haut mat 19 Joer studéiert de Museker Jazz Trompett zu Köln an huet scho vill Erfarungen an de verschiddensten Orchestere kënne sammelen.
E Statement a sengem eegene Sound fannen – dat ass dat, wat den Daniel Migliosi ëmmer weider undreift. Et ass awer net onbedéngt selbstverständlech, esou jonk schonn en zweeten Album erauszebréngen.
Mam neien Album léisst hien d'Traditioune vum Jazz op der Säit a probéiert, eng méi modern Vue op de Genre unzebidden. Den 10. Mee ass de Concert op der Schmelz zu Diddeleng am Kader vum "Like a Jazz Machine"-Festival.
"Like a Jazz Machine", de Festival fir Jazz-Liibhaber leeft nach bis den 12. Mee op der Schmelz. Hei kann een dann national an international Museker op der Bün entdecken.