D'Dance-Hymne Fire soll d'Eenheet, d'Vilfalt an d'Begeeschterung vu Futtball- a Musekfans gläichermoosse verkierperen.

Zanter Ufank Abrëll ass bekannt, datt déi däitsch Sängerin Leony eng vun de Stëmme vum offiziellen EM-Song ass. Gutt zwee Méint virum Optakt vun der Futtball-Europameeschterschaft gouf d'Lidd "Fire" an der Nuecht op e Freideg offiziell publizéiert. Nieft der Sängerin gëtt d'Lidd och nach vun der US-Band OneRepublic gesongen.

Geschriwwe gouf de Soundtrack vum italieeneschen Dance-Trio Meduza. Fir si ass domadder als grouss Futtball-Supporter en Dram an Erfëllung gaangen. Net nëmme well si mat dësem Lidd vill Mënschen vereene wäerten, mä och well si sech selwer an hir Famillen domadder houfreg géinge maachen.

"Mir hoffe wierklech, datt de Song d'Leidenschaft vu Futtball- a Musekfans weltwäit entfacht a se zum Feieren zesummebréngt. Mir freeën eis op de Start vum Turnéier an dorop, d'Bünen zum Liichten ze bréngen."

D'Futtball-EM an Däitschland fänkt de 14. Juni un.