En Dënschdeg den Owend ass den Optakt vun der 77. Editioun vum Internationale Filmfestival zu Cannes.

D’Meryl Streep gëtt dobäi mat enger Éiere-Palme-d’or fir hiert Liewenswierk ausgezeechent.

Wärend dem Festival ginn eng sëllegen nei Produktiounen eng éischte Kéier gewisen, wéi beispillsweis de Monumental-Film «Megalopolis» vum Hollywood-Regisseur Francis Ford Coppola.

Eng lëtzebuergesch Co-Produktioun ass dëst Joer iwwerdeems net an der offizieller Selektioun derbäi.

D’Actrice Vicky Krieps ass awer Jury-Member vun der Kategorie "Un certain regard", an de Filmfong ass och nee mat engem Pavillon op der Croisette vertrueden, fir Promotioun fir den nationale Film-Secteur ze maachen. E Samschdeg ass do dann och nees den traditionellen Lëtzebuerger Dag.