Gemengt sinn de Film an d'Serie, déi als Koproduktioun tëschent Lëtzebuerg a Portugal entstane sinn an deelweis am Filmland zu Kielen gedréit goufen.

"Projecto Global" spillt sech an den 1970er Joren of, also zu enger immens intensiver Zäit an der portugisescher Geschicht. "No 48 Joer Diktatur war eng Revolutioun an duerno war natierlech fir eng Zäitchen d'Gesellschaft immens gespléckt tëschent extreem-lénks an extreem-riets…", erkläert den Ivo Marques Ferreira, Regisseur an Dréibuchauteur vu "Projecto Global". "Zäiten, déi sou polariséieren, brénge meeschtens net dat Bescht an enger Gesellschaft oder an de Mënschen zum Virschäin."

Feeler, Konsequenzen, Glawenssystemer, perséinlech Evolutioun an d'"Forças Populares 25 de Abril", och FP-25 genannt, sinn nëmmen e puer vun den Themen a Beräicher, déi hei opgegraff ginn. "Et ass e Film, dee Wonne soll heelen, net op een Neits opmaachen", sou de Regisseur. "Den éischte Schrëtt, fir verzeien ze kënnen, ass ze verstoen, an ech soen net, dass mir déi Leit komplett novollzéie kënnen, nodeems mir de Film gesinn hunn, well dat sinn och Mënschen, déi Problemer a Mängel haten, mä et ass e Film, deen iwwer d'Jugend schwätzt, iwwer Feeler, an ech hu Feeler gär, well vu Feeler léiert een. Et geet ëm Konsequenzen a wéi een domat ëmgeet an och dorëms, wéi een Deel vun eppes gëtt a sech selwer doduerch iergendwann net méi erëmerkennt."

Obschonns d'Geschicht sech an den 1970er Joren ofspillt, wieren d'Thematiken och hautdesdaags immens relevant. Déi Meenung deelt och den Donato Rotunno vum Produktiounshaus Tarantula.

De leschte Stopp fir d'Ekippe vu "Projecto Global" waren d'Filmland Studios zu Kielen, wou mir fir eise Reportage hannert d'Kulisse konnte kucken. Dat finaalt Resultat wäerten e Long-Métrage vu ronn 100 Minutten an eng Mini-Serie mat 6 Episoden à 45 Minutte sinn.