Vun Danz, Oper, Musical bis hin zum Theater.

"L'émotion au pluriel" heescht et fir déi nei Saison 24/25 am Groussen Theater. De Fokus läit op der Diversitéit vun de Genren, Themen an Inzenéierungen, an dat ënner anerem mat engem Bléck op d'Jugend. Den themateschen Zyklus dréint sech nämlech ëm Jugendlecher, wou an de verschidde Beräicher vun Danz an Theater, e Programm entstanen ass, deen och si an de Prozess vun de Produktioune mat implizéiert.

Den Theater ass eng Plaz vun de Renconteren an dem Austausch, sou den Direkter Tom Leick-Burns. Et ass hei, wou sozial, gesellschaftlech an artistesch Themen abordéiert ginn an aner Perspektive proposéiert ginn. Et ass awer och eng Plaz, wou een ofschalten an sech ameséiere kann, a wou aner Geschichten erzielt a Konnektioune kënne geknëppt ginn.

Saison 24/25

Och d'Lëtzebuerger Artiste sinn erëm dëst Joer e feste Bestanddeel vun der Programmatioun mat Reprisen oder neie Produktiounen.

Songes d'une nuit... vum Myriam Muller (26. September -  6. Oktober 2024)

Déi nei Saison fänkt dann am September mat enger Reprise vum Myriam Muller hirem "Songes d'une nuit..." un. En Theaterstéck, dat dem William Shakespeare säi Wierk an eng Disko bréngt. "Songes d'une nuit..." hat d'lescht Saison en immense Succès, vun dohier gëtt et dann dëst Joer erëm gespillt.

Myriam Müller inzenéiert "Songe d'une nuit d'été"
Iwwer 400 Joer ass et hier, datt de Shakespeare d’Stéck "Midsummer Night’s Dream" geschriwwen huet.

Elektra vum Filip Markiewicz (19. - 30. Mäerz 2025) 

Et ass eng Première fir de Kënschtler Filip Markiewicz. Fir déi éischte Kéier wäert hien am Mäerz 2025 eng Inzenéierung hei zu Lëtzebuerg am Groussen Theater hunn. Mat "Elektra" verbënnt de multidisziplinäre Kënschtler seng artistesch Stäerkte mat enger griichescher Tragedie vum Sophokles.

De Filip Markiewicz iwwerhëlt d'Regie, d'Bünebild, Kostüm, Video an d'Musekskompositiounen. Op der Bün gëtt d'Live Musek vum N.U. Unruh (Einstürzende Neubauten) an dem Lars Neugebauer gespillt. Ofgeronnt gëtt d'Produktioun mat de Schauspiller a Schauspillerinnen a Performer Marie Jung, Luc Feit, Luc Schiltz, Lisa Schützenberger, Gunnar Golkowski a Sigrun Fischer, Jeremiah Olusola a Joran Yonis.

RTL

© Filip Markiewicz

Spring Awakenings vum Anne Simon (25. Abrëll - 11. Mee 2025) 

D'Anne Simon huet fir déi nei Saison zwou Theaterproduktiounen um Programm. Mat "Spring Awakenings" bréngt si dem Frank Wedekinds säi Skandalstéck "Frühlingserwachen" op d'Bün. Zesumme mam jonken Auteur Antoine Pohu wäerten si e méisproochegt Theaterstéck entwéckelen, dat sech mat der jugendlecher Sexualitéit an der haiteger Zäit beschäftegt. Op der Bün spillen d'Jil Devresse an d'Brigitte Urhausen.

RTL

© Jessica Frascht

Lone Wolf vum Anne Simon & Isaac Bush (13. Oktober - 16. Oktober 2024) 

Dat zweet Theaterstéck vum Anne Simon an dem Isaac Bush heescht "Lone Wolf". Ausgangspunkt vun dëser Produktioun ware Workshoppen zum Thema Gruppendynamik, wou Jugendlecher aus Lëtzebuerg a New York Deel geholl hunn. D'Resultat ass eng immersiv Theaterexperienz, wou et ëm Theme wéi Trends, Konsumverhalen, Gruppenzwang an Individualitéit geet. Dës Theme ginn hei op eng ganz spilleresch Manéier integréiert.

#Motherfuckinghood vum Claude De Demo & Jorinde Dröse (12. - 13. Mäerz 2025) 

RTL

© Matthias Horn

"#Motherfuckinghood" vum Claude De Demo an Jorinde Dröse thematiséiert Erfarungen dovunner, wat et heescht eng Mamm ze sinn. D'Theaterstéck ass wéi eng Collage, wou iwwer d'Aarbecht, d'Suergerecht, Feminismus an d'Gefill vu Schold geet. Am Allgemenge gëtt iwwer d'Erausfuerderunge vun der Mamm geschwat, ma awer och déi strukturell Erausfuerderunge wei de Mangel u Schoulpersonal an net genuch Plazen an de Spillschoulen.

Leuchtfeuer vum Fábio Godinho (01. - 08. Februar 2025) 

RTL

Nom Succès vun "Die Laborantin" wollt de Staatstheater Mainz erëm mam Lëtzebuerger Regisseur Fábio Godinho schaffen. Déi nei Theaterproduktioun mam Titel "Leuchtfeuer" ass dann a Koproduktioun mat Mainz entstanen. Hei geet et ëm d'Beiv, dat eng beléifte Kënschtlerin aus Dublin ass an an en Haus op enger Insel virun der Küst vu Cork geplënnert ass. Thematesch gëtt sech vill mat Froe ronderëm d'Vergaangenheet, Schold, Léift a Regret ausernee gesat. D'Bünebild gëtt vum Fábio Godinho sengem Brudder, dem Kënschtler Marco Godinho, kreéiert. Op der Bün stinn d'Jill Devresse, de Philippe Thelen a Schauspiller a Schauspillerinnen aus dem Ensembel vum Staatstheater Mainz.

In the bushes vum Léa Tirabasso (22. - 23. November 2024) 

RTL

© Camilla Greenwell

Och am Danz ginn et dräi Lëtzebuerger Kreatiounen. D'Léa Tirabasso, dat 2023 den nationalen Danzpräis gewonnen huet, weist hir Performance "In the bushes". D'Stéck mat de sechs Interpreten erfuerscht Iddie ronderëm d'Evolutiounstheorie, dem Mënsch, an der Virstellung vun der mënschlecher Eenzegaartegkeet. Hei schafft d'Choreographin dofir, ënner anerem, mat absurdem Humor.

Groove Club vum Jean-Guillaume Weis (31. Januar - 01. Februar 2025) 

De Choreograph Jean-Guillaume Weis kënnt och zréck an de Groussen Theater mat senger Kreatioun "Groove Club". 9 Interpreten, 9 Geschichten an 9 Schicksaler. "Groove Club" setzt sech mat der Klimakris auserneen an déi Ängschten, Froen, Hoffnungen an Dreem, déi do matkommen. Dat Ganzt gëtt an engem Club mat engem futuristeschen Dekor interpretéiert. Fir d'Bünebild huet de Jean-Guillaume Weis sech d'Kënschtlerin Trixi Weis u seng Säit geholl.

The Game - Grand Finale vum Jill Crovisier (13. - 14. Februar 2025) 

RTL

© Marco Pavone

D'Choreographin an Dänzerin Jill Crovisier weist an der neier Saison hir Kreatioun "The Game - Grand Finale". Et ass dat lescht Kapitel vun engem Projet, deen elo dräi Joer gedauert huet an d'Stater Theatere mat begleet hunn. D'Stéck ënnersicht eist zwanghaft Bedürfnis, eis Geschichte matzedeelen. Et ass eng Welt voller Zweedeitegkeet, Kontraster, Freed, Angscht an Hoffnung. Et spigelt déi schéin, ma awer och déi däischter Säite vun eiser Gesellschaft erëm.

De ganze Programm vun der neier Saison fënnt een um Site vun de Stater Theateren.