Toto a Robin Schulz kommen Enn Juni op de Glacis

Ob mat Rock-Klassiker wéi "Afrika", "Hold the line" oder "Rosanna", oder modernen elektroneschen Hits wéi "Waves" oder "Sugar": dëst Joer dierft an der Stad um City Sounds fir jiddereen eppes dobäi sinn.
D'Stad Lëtzebuerg huet e Freideg zwee Highlights fir de Museksfestival "City Sounds" annoncéiert. Wéi de Patrick Goldschmidt vun der Stad Lëtzebuerg op Facebook matdeelt, géif et sech hei ëm den däitschen DJ a Produzent Robin Schulz handelen, sou wéi ëm déi kalifornesch US-Rockband "Toto", déi Welthits wéi "Afrika" oder "Rosanna" opweises hunn.
E Samschdeg den 22. Juni wäert de Robin Schulz um Glacis an der Stad spillen, e Sonndeg 23. Juni ass et dann den Optrëtt vun Toto. Béid Deeg wäerten dann och wéi gewinnt gratis sinn.