Den Escher Kulturschäffe Pim Knaff mécht am Sträit mat Richtung 22 e Schrëtt op de Kënschtlerkollektiv zou.

Am Escher Gemengerot huet hien e Freideg annoncéiert, dem Verwaltungsrot vun der Asbl FrEsch wëllen ze proposéieren, dass Richtung 22 däerf e puer Méint méi laang am Bâtiment 4 bleiwen. FrEsch, also d‘Asbl, déi sech ëm d‘Gestioun vum Bâtiment 4 këmmert a vun der Gemeng Esch finanzéiert gëtt, hat decidéiert, d‘Konventioun mat Richtung 22, déi Enn Mee ausleeft, net ze verlängeren. Dogéint hat Richtung 22 sech gewiert an der Asbl politesch Motiver reprochéiert, well de Kollektiv d'Asbl e puer Mol kritiséiert hat.

D'Argument, dass d'Aarbecht vu Richtung 22 zolidd géif gestéiert ginn, wa si elo matten an der Saison missten e neit Doheem sichen, huet den Escher Kulturschäffen a President vum Verwaltungsrot vu FrEsch Pim Knaff, wéi et schéngt, iwwerzeegt.

Et soll doriwwer diskutéiert ginn, ob Richtung 22 eventuell bis Enn dës Joers, "à titre de tolérance" an ënnert gewësse Konditiounen" dierf am B4 bleiwen "fir hinnen z‘erméiglechen hir kulturell Saison ofzeschléissen", esou de Pim Knaff.

Weider proposéiert hien e Mediateur anzesetzen, fir eng Solutioun ze fannen. Un der Decisioun, d‘Konventioun op den 31. Mee auslafen ze loossen, hält d'Asbl awer weider fest.