An der historescher Kuliss vum Schiefermusée zu Uewermaartel kritt een de Päischtweekend iwwer ee villfältege kulturelle Programm gebueden.

Mir ware bei deene leschte Preparatiounen dobäi an hunn iwwerdeems mam Claire Wolff a mam Georges Goerens iwwer de Festival geschwat.

Op deem 8 Hektar groussen, industrielle Site vum Musée de l‘Ardoise sinn d‘Preparatioune fir de Koll an Aktioun-Festival dës Woch op Héichtouren. Ëm déi 100 Fräiwëlleger hunn hei am Schloreen fläisseg geschafft, fir deem groussen a klenge Public ee Weekend voller Spill, Spaass a Staunen ze bidden.

"Mir hunn eng ganz divers Programmatioun: Musek, Stroossekonscht, Workshoppen, eng Expo an dann de Marché des créateurs. Et kann een einfach kommen, ronderëm wandelen an entdecken. [...] Du kanns de Site entdecken, du kanns och déi verschidden Espacen, déi mir kreéiert hunn, entdecken. Et huet ee verschidden Ecker, wou ee sech kann hisetzen, mol erofkommen an eppes Leckeres iessen…" sou d’ Claire Wolff, Co-Organisatrice vum Festival.

Och dee musikalesche Programm ass prall gefëllt a bont gemëscht. Ganzer 30 Bands a Museker, vun Indie-Rock iwwer New School Hip-Hop an Dream-Pop, bis hin zu Trans Elektro Rock kann een de Weekend iwwer live um Festival erliewen.

"Do hu mer Coma vu Köln an La Jungle aus der Belsch, déi och schonn e puer Mol zu Lëtzebuerg waren, déi ëmmer en immens gudde Concert spillen, immens energeetesch. Mir hunn och e puer Acts aus Däitschland, déi de Moment um komme sinn, wéi z.B. iedereen a Willow Parlo. A vun deene Lokalen hu mer méi old school Bands, wéi No Metal in This Battle, awer och immens gutt nei Bands, wéi Don Piano a Culture the Kid", sou de Georges Goerens, ee vun de Programmateure vum Koll an Aktioun.

D’Leekoll ass ee spezielle Site, deem seng Geschicht an Traditioun, all Joers op en Neits fest an de Programm vum Familljefestival integréiert ginn.

Ee spannende Programm also fir déi ganz Famill. A sollt de Weekend iwwer och mol nach déi eng oder aner Schauer erofkommen, villes gëtt et ënner Daach ze entdecken.

Fir Kanner a Jugendlecher bis 15 Joer inclus ass den Entrée gratis.

Fir Erwuessener ass de Basispräis fir een Dagesticket op 25 Euro festgeluecht. En Ticket fir dee ganze Weekend kascht 40 Euro. Ma wien d‘Kollibri asbl doriwwer eraus ënnerstëtze wëll, dee kann natierlech och méi bezuelen.

Trotz där viller Aarbecht an deem héije Käschtenopwand, mat deenen de Festival verbonnen ass, ass et den Organisateure vum Koll an Aktioun immens wichteg, dass hire Familljefestival fir jiddwereen accessibel bleift.

Ticketen a weider Informatiounen zum Programm a Festival fannt Dir hei: www.kollanaktioun.org