Zanter en Dënschden ass en amgaangen, de 77. Filmfestival zu Cannes. Och Lëtzebuerg ass nees mat engem Pavillon vertrueden.

An e Samschdeg war do den traditionelle Lëtzebuerger Dag. E Rendez-vous, deen d'Importenz vum Festival zu Cannes fir déi national Filmindustrie ënnersträicht.

D'Presenz op der Croissette wier enorm wichteg fir de Lëtzebuerger Filmsecteur, ënnersträichen déi Responsabel. E Secteur, dee sech déi lescht Joren ëmmer méi professionaliséiert hätt, op all de grousse Filmfestivaller present wier. Obschonn just 20 bis 30 Long-Metragen d'Joer produzéiert ginn. Qualitéit amplaz Quantitéit, heescht et. Alles dat kéint een um Filmfestival weisen, esou den Direkter vum Lëtzebuerger Filmfong, de Guy Daleiden.

"Eng Presenz um gréisste Filmfestival op der Welt muss sinn. Wa Lëtzebuerg do net derbäi wier, da wier et, wéi wann et eis an deem audiovisuelle Secteur net géif ginn. Hei ginn nei Partner fonnt, nei Filmer preparéiert."

An d'Leit aus dem Lëtzebuerger Filmsecteur wiere gesicht. Sief et Produzenten, Schauspiller, Realisateuren oder Techniker. Dowéinst soll de Secteur weider gestäerkt ginn, wéi den zoustännege Minister op senger Visitt bei Geleeënheet vum Lëtzebuerger Dag erkläert huet.

"Am Filmsecteur si vill Leit engagéiert, et stieche vill Aarbechtsplazen hannendrun. Dee misst gestäerkt ginn. Et stäerkt eis Gesellschaft an eise Kreativsecteur. Dowéinst sinn ech haut hei.", seet den Eric Thill.

An deem Sënn wier de Budget fir dat Audiovisuellt tëscht 2023 an 2024 ëm 1,8 Milliounen eropgesat ginn. Eng weider Hausse fir d'nächst Joer wier geplangt. Héichpunkt vum Lëtzebuerger Dag dann: de Cocktail vum Filmfong. Et wier méi wéi just e Patt ginn.

"Hei komme Lëtzebuerger an auslännesch Filmschaffend zesummen. Awer och Ministeren.", esou de Guy Daleiden nach.

Dat alles ass gutt fir d'Public Relations. Eng 400 Leit ware komm, fir esou Aarbecht an Agreabeles mateneen ze verbannen. Am Interessi vum Lëtzebuerger Film.