Angus & Julia Stone

D'Geschwëster aus Australien hunn de Lëtzebuerger Public mat op eng melancholesch a verdreemte Rees geholl.
Mat hirem sechste Studio Album "Cape Forestier" touren Angus & Julia Stone aktuell duerch Europa. No Concerten a Spuenien an zu Köln hunn se en Dënschdeg den Owend am ausverkafen Atelier an der Hollerecher Strooss gespillt. D'Geschwëster-Duo huet de Public net just déi nei Lidder vun hirem fusch neien Album entdecke gedoen, mee se och mat an d'Vergaangenheet geholl, an hir wuel bekanntsten Tracks wéi "Big Jet Plane" oder "Chateau" gespillt.
"Living Room Sessions" heescht déi aktuell Tour, an erfëllt dat, wat den Numm versprécht: et war e ganz intimistesche Concert, mat engem musikaleschen Duo, deen engem d'Gefill vermëttelt huet, bei hinnen an der Stuff ze sëtzen. Den Atelier war dofir och déi ideal Plaz. Lampionen op der Bün hu fir eng gemittlech a berouegend Stëmmung gesuergt déi och am Sall ze spiere war.
Schonn iwwer 20 Joer maachen d'Zwillingsgeschwëster elo scho Musek zesummen. Eng Mëschung aus Folk an Indie-Rock. Viru 7 Joer haten se dunn annoncéiert hiren Duo opzeléisen an sech op hir jeeweileg Solo-Projeten ze konzentréieren. Fir d'Fans war et dohier eng iwwerraschend Nouvelle wou Angus & Julia Stone Ufank vum Joer net just en neien Album, mee och eng Welt-Tournée annoncéiert hunn.
En Album bei deem et wéi sou dacks bei der Band ëm Léift, Famill a Verloscht geet an ee matgeholl gëtt an en Universum deen immens sensibel, melancholesch an awer och éierlech ass.
An dat war och de Concert am Atelier. Déi zwee Museker konnte méi wéi iwwerzeegen duerch hiert musikalescht Talent. Virun allem déi akustesch Elementer, wou d'Instrumenter an déi zwou onverkennbar Stëmme vu béide Kënschtler am Vierdergrond stoungen, hunn een dreeme gedoen.
Vu Gittar, iwwer Harmonika bis zu Trompett, ass et impressionant wéi den Duo a virun allem d'Julia Stone souwuel instrumental wéi mat hirem Gesang komplett assuréieren.
Nieft engem gudde Mix vun neien an ale Lidder, hunn se och zwee Covere gespillt. "Flowers" vum Miley Cyrus, komplett nei interpretéiert oder awer och als Ofschloss e Cover vum Neil Young hunn dat ganzt perfekt ofgeronnt.
Angus & Julia Stone konnten net just duerch hir Lidder, mee och duerch hire ganz natierlechen Optrëtt an hir wonnerbar Stëmmen iwwerzeegen. E Concert vu bal zwou Stonnen, deen d'Talent vu béide Museker ënnerstrach huet a bewisen huet, dat een net vill Tamtam brauch, fir e Publikum zefridden ze stellen.