The Vaccines

© Valentin Creusat
D'Indie-Rock Band iwwerzeegt mat hirer Energie a Passioun.
Mat hirem sechste Studio-Album "Pick-Up Full Of Pink Carnations" touren The Vaccines aktuell duerch Europa. En Donneschdeg den Owend war d'brittesch Indie-Rock Band eng éischte Kéier zu Lëtzebuerg an huet de Publikum am Atelier méi wéi iwwerzeegt.
Kuerz awer intensiv, esou kéint een de Set vun The Vaccines am Atelier beschreiwen. Och wann d'Band just eppes iwwert eng Stonn gespillt huet, sou war all Sekonn dovunner e richtege Genoss. De Frontsänger Justin Young huet de Public komplett a säi Bann gezunn. Säin Optrieden a seng Beweegunge sinn immens lässeg, mee seng Energie a säin Enthusiasmus loosse kee kal an de Publikum huet ouni ze zécke matgeklappt, gesongen a gedanzt.
D'Concerts-Saison fänkt zwar elo réischt richteg un, mee den Optrëtt vun The Vaccines en Donneschdeg den Owend am Atelier war a mengen Ae bis elo den iwwerzeegendste Concert vum Joer an et ass ze hoffen datt d'Indie-Rock Band hiren éischten, ma net hire leschten Optrëtt hei zu Lëtzebuerg haten.

Den Justin Young war iwwregens am Januar am Interview bei de Kolleege vun RTL Today: