The Interrupters
Voll Luedung Energie, gutt Stëmmung an iwwerzeegend Band. The Interrupters hunn e Sonndeg am ausverkafen Atelier gespillt.
No enger ganzer Partie Festivaller, déi se fir dëst Joer schonn am Gepäck hunn - dorënner de Rock am Ring leschte Weekend - huet d'Band vu Los Angeles e Sonndeg am ausverkafen Atelier an der Hollerecher Strooss gespillt.
D'Band, déi et schonn zanter 2011 gëtt, an déi véier Studio-Albumen erausbruecht hunn, konnte souwuel hir trei Fans iwwerzeegen, wéi och déi, déi manner kënneg vun hirer Musek sinn. Vum éischte Lidd u war ee gepaakt an de Public konnt sech just matrappe loosse vun talentéierten, mee virun allem och sympathesche Museker.
Wann d'Frontsängerin Aimee Allen bis op der Bün steet, dann ass ee wéi gefaangen, vun hirer Presenz, hirer Energie an hirer charakteristescher Stëmm. Ma eng Sängerin ass näischt ouni hir Band. Déi dräi Bivona-Bridder, Kevin op der Gittar, Jesse op den Drums an Justin op der Bassgittar hunn de musikalesche Mix aus Rock, Punk a Ska perfekt ënnermoolt.
E Concert, wou trei Fans vun Ufank bis Schluss all eenzelt Wuert matgesongen hunn, mee wou och déi Leit, déi se vläicht manner kennen, einfach matgerappt ginn duerch eng enorm Energie virun allem duerch d'Sängerin, déi massiv mam Public interagéiert, mee och duerch ganz Band, déi d'Leit ëmmer rëm motivéiert hunn, mat ze klappen, ze danzen an ze sangen. Vun engem Lidd op dat anert war d'Stëmmung am Atelier enorm. Mat engem Cover vum Billie Eilish, deen nach emol de Style vun The Interrupters ervir gehuewen huet, an hirem wuel bekanntste Song "She's Kerosene" war et e perfekten an intensive Concert, deen dem Public sécher an Erënnerung bleift.