Déi 13. Editioun vum "Hip Hop Marathon"
Rap, Danz, Beatbox, Beats maachen a Graffiti. Dat sinn alles Beräicher, déi den “Hip Hop Marathon” couvréiert an zu engem participativen a beléifte Projet maachen.
Ob op der Bün oder un der Mauer: Beim Hip Hop Marathon kréien d‘Schüler eng Stëmm an eng Plattform, fir sech kreativ auszedrécken – dat jeeweils zum Thema vum Joer. Fir dës Editioun ass de Choix op „Light & Shadow". Vu Januar bis Mee goufen eng Partie Workshoppe mat enger 170 Schüler aus der École Privée Fieldgen, dem Lycée Josy Barthel Mamer, dem Nordstad-Lycée, Lycée Mathias Adam, Lycée Technique de Bonnevoie, Lycée Technique du Centre, Lycée des Arts et Métiers an dem Lycée Belval, organiséiert.
Encadréiert goufe si, wéi och schonn an de viregte Jore vum organisatoreschen Team, hiren Enseignanten, awer och professionellen Artisten aus deene respektiven Domainer. Den Helder Ferreira, Xavier Van Damme a Gilles Corbi hu sech ëm de Rap-Beräich gekëmmert. De Marc Folschette an d'Alicia Cano ëm d'Danz-Workshoppen, an den Thomas Lloyd an David Soner ëm de Graffitisdeel.
Och dëst Joer waren d'Tickete fir déi ëffentlech Virstellung - dëst Joer fält déi op en Donneschden 23. Mee - séier ausverkaf. Duerno triede si nach eng dräi Mol fir Schoulklassen op, dat souwuel an de Rotondes, ewéi och am CAPE zu Ettelbréck an an der Rockhal. Méi Informatioune ginn et op hirem Site.