Hannert de Kulisse vum Filmfestival vu Cannes
Mir hunn zwou Lëtzebuerger Actricen hannert de Kulisse vum bekannte Filmfestival vu Cannes begleet.
De Festival vu Cannes ass ee vun de prestigiéisten op der Welt. All Joer op en Neits gëtt op der franséischer Côte d'Azur de Kino gefeiert.
Ob ee vun Erfolleg dreemt oder seng Dreem ëmsetzt: de Film Festival léisst d’Häerz vun de Film-Leit en Tick méi séier schloen. Niewent de ville Visiteure fanne sech och eng 5.000 Journalisten a méi wéi 30.000 Spezialisten aus der Kinosindustrie zesummen. Mä wéi gesäit et hannert de Kulisse vum gréisste franséische Filmfestival aus? Mir hunn d'Marianne Bourg an d'Clara Hertz - zwou Lëtzebuerger Schauspillerinnen - begleet a kruten en Abléck: Vun de Luxussuiten iwwert d’Croisette bis hin zu den exklusive Privatpartyen.