Stresseg Preparative fir den Diddelenger Museksfestival

© Maxime Gillen
Déi lescht 48 Stonne virum Festival si gutt gefëllt. De ville Reen hëlleft net, ma mécht den Organisateuren awer och keng gréisser Suergen.
D‘Ekipp ronderëm den Direkter vum Diddelenger Kulturzenter "Opderschmelz" John Rech muss ganz reaktiv sinn. "Du muss iwwerall e bësse reagéieren, du muss op alles oppassen. Esou e Festival an de leschten 48 Stonnen ass ganz spannend, et geet an all Richtungen an et si virun allem immens laang Deeg", esou de Mat-Organisateur vum Festival. Zum Beispill géifen et dacks nach Ännerunge bei de Kënschtler, well dës anescht ukommen, wéi virgesinn oder en Hotelszëmmer méi oder manner brauchen, wéi geplangt.
Och géif vereenzelt den Opbau vum Site nach ugepasst ginn, well eppes a Wierklechkeet anescht ausgesäit, wéi um Plang. De Site zu Diddeleng, op de Frichë vun der Stolindustrie, bitt e ganz spezielle Kader fir de Festival. Dass d‘Concerte net um fräie Feld organiséiert ginn, ass grad bei méi naassem Wieder e Virdeel, erkläert de John Rech. Um ganze Site gëtt et nämlech e feste Buedembelag.
An awer huet dat verreente Wieder en Afloss op de Festival. "Du mierks, dass e klengen Deel vum Public méi virsiichteg ass a méi spéit den Ticket keeft, wa se gesinn, dass et net:sollt reenen."
De John Rech geet awer dovun aus, dass de Festival an de leschten 48 Stonnen bal ganz ausverkaaft wäert ginn. Dat wären dann eng 5.000 Visiteuren.
De Site géif och gutt 8.000 Leit zouloossen, ma de Choix, et méi kleng ze hale wier bewosst, well dat einfach e gewëssene Komfort fir de Public géif ginn. D‘Organisateure wëllen nämlech ënnert anerem och Famille mat Kanner uschwätzen an dofir suergen, dass jidderee sech wuel fillt. "Mir hunn d‘Verhale vum Public d'lescht Joer bewosst studéiert, gekuckt wéi se zirkuléiert sinn, an hunn e puer Saache geännert", esou den John Rech. "Mir hunn zum Beispill déi zweetgréisste Bün méi no an d‘Häerz vum Festival geholl, well dat sech d'lescht Joer awer e bësselche gezunn huet vun där enger bis zu där anerer Bün."
Alles an allem kascht d‘Organisatioun vum Festival eppes manner wéi 800.000 Euro. D‘Vente vun den Tickete couvréiert awer nëmmen en Deel dovun. E groussen Deel gëtt vun der Gemeng Diddeleng finanzéiert an de Rescht duerch Sponsoren. An den nächste Joren sollen nach méi Sue vun de Sponsore kommen.
D‘ganzt Joer iwwer schaffe ronn eng Dose Leit un der Organisatioun vum Festival. An den Deeg virdru geet dës Zuel op ronn 30 Leit erop an den Dag selwer si, mat de Benevollen, eng 200 Leit am Asaz.