"Kafkaesk" - e Wuert dat hautdesdaags dacks - villäicht ze dacks- benotzt gëtt. "In der Art der Schilderungen Kafkas, auf unergründliche Weise bedrohlich" sou definéiert den Duden dëst Adjektiv.

Dass haut jidderee versteet, wat domat gemengt ass, gëtt schonn en éischt Indiz dorop, wéi wichteg de Franz Kafka  fir déi däitschsproocheg Literatur ass. Zu senge Liefzäite war hien allerdéngs kaum bekannt an och nëmmen e Brochdeel vu sengem Wierk war fir d'Ëffentlechkeet zougänglech.

De Franz Kafka gouf 1883 zu Prag als eent vu 6 Kanner vun enger däitschsproocheger jiddescher Famill gebuer. Säi Papp Hermann Kafka koum aus einfache  Verhältnisser, d'Mamm, Julie Löwy, war an enger wuelsituéierter Famill opgewuess. Dem Kafka seng zwee Bridder ware scho fréi gestuerwen, sou dass de Franz mat sengen dräi Schwësteren Ellie, Valli an Ottla opgewuess ass, déi allen dräi am zweete Weltkrich deportéiert a warscheinlech ëmbruecht goufen.

De Franz Kafka war e gudde Schüler an huet sech scho fréi fir Literatur interesséiert. Trotzdeem huet hie sech decidéiert, Droit ze studéieren an huet duerno bei enger Assurance geschafft. Fir d'Literatur blouf eréischt no Feierowend Zäit. Sou ongär hie säin eigentleche Beruff och hat, gouf hie vun der Versécherung dach als essentiel Aarbechtskraaft ugesinn, sou dass hien am éischte Weltkrich net aberuff gouf.

Seng Relatioune mat Frae ware meeschtens net vu laanger Dauer. Mat der Felice Bauer (1887-1960) huet n sech am Juli 1914 verloobt, d'Verlobung awer e puer Woche méi spéit nees geléist. 1916 huet hie sech eng zweete Kéier mat der Felice Bauer verloobt, ma och dës Kéier ass d'Bezéiung an d'Bréch gaangen. Dat nodeems hien 1917 mat Tuberkulos diagnostizéiert gouf. Och d'Bezéiungen zu der Julie Wohryzek oder der Journalistin an Iwwersetzerin Milena Jesenska sollten net laang halen. Seng lescht Léift war d'Dora Diamant (1898-1952). D'Koppel huet sech 1923, ee Joer virum Kafka sengem Doud, kennegeléiert, an déi jonk Fra huet hien bis zu sengem Doud am Juni 1924 gefleegt.Hir Relatioun ass rezent am Georg Maas sengem Kinosfilm "Die Herrlichkeit des Lebens" thematiséiert ginn.

E grousst Thema am Franz Kafka sengem Wierk ass d'Relatioun mat sengem Papp, déi hien zum Beispill an der Erzielung "Das Urteil" verschafft huet, an där de Protagonist sech d'Liewen hëlt, nodeems hie vu sengem Papp "verurteelt" gëtt. Dës Geschicht huet hien an der Nuecht vum 22. op den 23. September 1912 geschriwwen, a se der Felice Bauer, déi hie grad eréischt kennegeléiert hat, dediéiert.
De Papp als dominante Personnage, dee säi méi sensibele Jong praktesch erstéckt, ass en Thema, dat och am Kafka sengem "Brief an den Vater" offensichtlech gëtt. Dëse Bréif, deen de Kafka 1919 geschriwwen, awer ni ofgeschéckt huet, ass 1952 posthum verëffentlecht ginn.

Eng wichteg Roll spillt och dem Franz Kafka seng Frëndschaft mam Max Brod (1884-1968). Hie krut vum Kafka den Optrag, no sengem Doud all onverëffentlecht Manuskripter ze zerstéieren - wat e glécklecherweis awer net gemaach huet. Eréischt duerch dem Brod seng Aarbecht konnten dës Wierker an d'Literaturgeschicht agoen.

Zwar war dem Franz Kafka seng wuel bekanntsten Erzielung "Die Verwandlung" scho 1915 fir d'éischt an enger Zäitschrëft, a kuerz duerno a Buch-Form an der Serie "Der jüngste Tag" erauskomm (1916  gouf "Das Urteil" an der selwechter Serie verëffentlecht) mä e sëllegen Erzielungen grad esou wéi seng 3 Romanfragmenter ("Der Prozess", "Das Schloss" an "Der Verschollene") goufen eréischt an de Joren no sengem Doud erausbruecht.

De Franz Kafka ass viru genee 100  Joer, den 3. Juni 1924, am Alter vu 40 Joer un Tuberkulos gestuerwen a gouf um Neie Jiddesche Kierfecht zu Prag begruewen.

De Prager Versécherungsemployé hätt sech wuel ni dreeme loossen, wéi een Afloss hie sollt op d'Weltliteratur hunn. Den argentinesche Literatur-Gigant Jorge Luis Borges war vun him faszinéiert an huet 1943 "Die Verwandlung" op Spuenesch iwwersat. Dëst Bichelchen ass 1947 engem kolumbianesche Jurastudent, dem Gabriel García Márquez an de Grapp gefall. Op dem Gabriel García Márquez säi Wierk, fir dat en 1982 mam Literatur-Nobelpräis ausgezeechent gouf, hat de Kafka en entscheedenden Afloss.

Am Zesummenhang mam 100. Doudesdag vum Franz Kafka war viru Kuerzem de prominente Kafka-Biograf Reiner Stach zu Lëtzebuerg op Besuch, dat op Invitatioun vum Institut Pierre Werner, deen zesumme mam Kasemattentheater an dem TNL e klenge "Kafka-Festival" organiséiert. Den TNL markéiert  dësen 3. Juni mat enger ausverkaafter Kafka-Liesung (Texter gelies vun der Actrice Corinna Harfouch, musikalesch begleet vum Hannes Gwisdek).

Dem Reiner Stach seng Franz-Kafka-Trilogie, déi sech aus de Bänn "Die frühen Jahre", "Die Jahre der Entscheidung" an "Die Jahre der Erkenntnis", zesummesetzt, ass am Fischer Verlag erauskomm.