D'Dua Lipa huet d'lescht Woch an der Rockhal geprouft

Dat huet de CEO vun der Rockhal Olivier Toth e Méindeg an engem Interview op RTL Today Radio confirméiert.
Wéi hie géigeniwwer dem Animateur Stephen Lowe sot, hätt hie sech tëschenduerch Suerge gemaach, dass de Public géif erausfannen, dass de Star an der Rockhal prouwe géif. Dat nodeems d'Dua Lipa e Post op Instagram gesat hat, op deem ze gesi war, dass hatt an der Rockhal ass. Zanterdeem huet hatt d'Land awer schonn nees verlooss.
Wann e Kënschtler an enger Concertshal prouft, géif de Management vum Artist verlaangen, dass näischt doriwwer un d'Ëffentlechkeet kënnt.
Heiansdo wier et och esou, dass de Kënschtler och e Concert op der Plaz, wou hie geprouft huet, spillt. Ma am Fall vum Dua Lipa senger Tour, déi e Mëttwoch zu Berlin ugeet, ass dat net de Fall.