10 Kreatiounen, 17 Opféierungen an 1 Orchester

© Fundamental
Vum 7. bis de 16. Juni invitéiert d'Fundamental asbl nees op hire "Monodrama Festival" an der Banannefabrik.
Ee Monolog ze spillen, ass eng vun de gréissten Erausfuerderunge fir Theaterschauspiller a genee dowéinst och een immens wichtegen Exercice. De Monodrama Festival, deen 2010 eng éischte Kéier organiséiert gouf, ass ee vun deene wéinege Festivalle weltwäit, dee sech reng dëser Disziplin verschriwwen huet.
Schauspiller, Dänzer, Museker, Auteur a Regisseur aus Ganzer 11 Länner, dorënner Däitschland, England, Niger, Griichenland, Argentinien an natierlech och Lëtzebuerg stelle sech bei der 14. Editioun vum Monodrama Festival eleng dem Public. Wärend 10 Deeg presentéieren déi vill Kënschtler an der Banannefabrik hir Uropféierung oder hire "work in progress", also e Projet, dee nach an der Entwécklung ass.
Ganzer 10 multidisziplinär Solo-Performance kann ee bis de 16. Juni an der Banannefabrik erliewen an entdecken.
Den Optakt vum Festival mécht e Freideg, de 7. Juni, den Danzspektakel "Pont Invisible" vun a mat der Modestine Ekete. Eng Kreatioun virum Hannergrond vun der duebeler Kultur, déi sech fir déi eng als Qual a fir déi aner als Chance erausstelle kann. Am "Pont Invisible" schléit d'Dänzerin a Choreographin eng Bréck tëscht Afrika an Europa a léisst de Public an deen turbulenten Universum vun enger beruffstäteger Fra, Mamm an Immigrantin andauchen. Si erzielt vun hirem Parcours, hirem Alldag, hiren Ambitiounen, Dreem a Kämpf, wéi och vun hirem Gefill vun der Integratioun an Europa a virop a Lëtzebuerg.

"Pont Invisible" vum Modestine Ekete / © Ludivine Unfer
Den 10. Juni steet ënner anerem d'Stéck "Tinder - A fucked up Night" um Programm.
Déi éisträichesch Actrice a Musekerin Bina Blumencron erzielt am Monolog vum Benjamin Blaikner iwwer Mësserfolleger an dorausser gewonnen Erkenntnisser. Mat Hëllef vu live Musek an hirem villsäitegen duerstelleresche Kënnen, hëlt si vergaangen Erliefnisser an d‘Géigewaart, fir dem Public ganz direkt an onverblimmt dovunner ze beriichten.
Op eng witzeg Aart a Weis setze sech an dësem Stéck Dating-Erfarungen op der Social-Media-Plattform Tinder mat FuckUp-Erfarungen vum Scheiteren zu engem zäitgeméissen Bléck op d‘Liewen zesummen.

"Tinder - A fucked up Night" opgefouert vum Bine Blumencron / © David Haunschmidt
,
D'Kreatioun "Le bal des égarés" vum a mam Béto, erzielt d'Geschicht vun de Staatscoupen, respektiv Putschen am Niger. "Et ass der ëmmer ginn… D‘Reaktioune ware méi oder wéineger ëmmer déi selwecht. Déi nei Cheffen triede schlecht gekämmt a schlecht gekleet op der nationaler Tëlee op a verkënnege jiddwerengem, dass si déi nei Leadere sinn an dat war et dat. Natierlech no en etleche Schëss! Ma dee leschte Coup, deen hat eppes aneres u sech..."

Le bal des égarés - Béto / © boshua
2009 hat de Schauspiller a Regisseur Steve Karier zesumme mam Diane Heirend, Rosario Grasso a Paul Wagener d'Associatioun "Fundamental" gegrënnt. Dat mam Zil, en internationale Festival fir Solo-Performancen hei zu Lëtzebuerg op d'Been ze stellen an doriwwer eraus d‘Bünekonscht national an international ze promouvéieren.
Dee ganze Programm an Tickete fënnt een um Site vum Fundamental Monodrama Festival 2024.