25 nei Projete gi fir déi zweet Sessioun vun 2024 finanziell ënnerstëtzt

A senger éischter Sessioun vum Joer hat de Lëtzebuerger Filmfong schonn 20 Projete finanziell Hëllef zougesot, elo koumen der nach 25 dobäi.
34 Filmprojete ware fir dës finanziell Hëllef agereecht an analyséiert ginn. An der Selektioun sinn néng Long-Métragen, dobäi komme véier Animatiounsfilmer, sechs Documentairen, zwou Live-Serien, eng Documentaire-Serie, zwee Kuerzfilmer an ee Virtual-Reality-Projet.
Aacht vun de Projete koume vu Lëtzebuerger Realisateuren.
D'Schreiwes vum Filmfong:
25 Projeten ginn an der 2. Sessioun vun dësem Joer vum Filmfong finanziell ënnerstëtzt
De Comité de sélection huet an dëser Sessioun net manner wéi 33 Projeten analyséiert.
25 Filmprojete kréie finanziell Ënnerstëtzung vum Filmfong. Dat huet de Comité de sélection de Méindeg den Owend matgedeelt.
An der Produktioun goufen 8 Projeten vun lëtzebuerger Réalisateuren ënnerstetzt :
- D’série MOVE ! SAISON 5 vum Julie Schroell, Eileen Byrne an Yann Tonnar ;
- De long-métrage animation DUDLEY AND THE INVASION OF THE SPACE SLUGS vum Bakhti Chérifa ;
- Den documentaire ORA ET LABORA vum Dzhovani Gospodinov ;
- Den documentaire LE CAS NORBERT JACQUES vum Claude Lahr ;
- Den documentaire LUXEMBOURG 1940 : L'ÉNIGME HOININGEN vum Grégory Goethals ;
- Den projet transmédia RADIO LUXEMBOURG vum Dominique Santana ;
- De court-métrage I WILL BE ALRIGHT ! vum Cyrus Neshvad ;
- De court-métrage THE SHOE vum Solveig Harper.
Am Ganzen ginn 9 Filmer, 4 Animatiounsfilmer, 6 Documtairen, 2 Live Sérien, 1 Docuemntaire Sérien, 2 Kuerzfilm an 1 VR Projten finanziell ënnerstëtzt.
De Comité de sélection kennt all Joers véiermol zesummen, déi nächst Sessioun wärt dann am Juli 2024 statt fannen.
Déi komplett Lëscht mat alle Projeten, déi zeréckbehale goufen, fannt Dir am offiziellen Pressecommuniqué vum Filmfong.