Calle Fuhr presentéiert säin neit Wierk "Alphabet"
D'Uropféierung ass de 6. Juni am Kasemattentheater zu Bouneweg.
Inspiréiert ass et vum Elizabeth Kolbert hirem "New Yorker" Artikel "CLIMATE CHANGE FROM A TO Z -The stories we tell ourselves about the future", also d'Klimakris vun A bis Z a Geschichten déi mir eis selwer iwwer d'Zukunft erzielen. Wéi den Titel et schonn undeit, huet déi wëssenschaftlecher Journalistin an hirem Artikel souzesoen e Klimakrisen-Alphabet opgestallt an deem si all Buschtaf een Evenement zougeuerdent huet, wat am Kontext vun der Klimakris wichteg ze thematiséieren ass.
Op dee Prinzip hu sech och den däitsche Regisseur a Schrëftsteller Calle Fuhr an de Matthias Seier baséiert, fir dat neit Wierk "Alphabet" ze schreiwen. Am Géigesaz zum Elizabeth Kolbert handelt et sech bei hinnen awer ëm een Theaterstéck, dat sech aus 26 Mini-Stécker zesummesetzt, also all Stéck behandelt ee Buschtaf vum Alphabet.

A gëtt op der Bün zum Beispill zu engem emotionalen Telefonat tëschent engem Neveu a senger Tata déi 2021 am Ahrtal ass. Do hate jo iwwer 135 Mënschen hiert Liewen duerch Iwwerschwemmunge verluer an eng 17.000 Leit hu mussen hiert Doheem verloossen. Bei B gëtt dem peruanesche Bergführer Saúl Luciano Lliuya seng Geschicht opgegraff; den C gëtt genëtzt fir CO2 ënnert d'Lupp ze huelen. Sou geet all Buschtaf an deen nächsten iwwer - den Alphabet formt sech virun de Spectateuren hiren Aan, genau, wéi dat och bei der Klimakris ass.

Gedroe gëtt d'Stéck vu véier Schauspiller - dem Eugénie Anselin, Laura Talenti, Pitt Simon an Alexander Wanat - déi ofwiesselend Monologer, Dialoger, awer och Interventiounen zu véier op der Bün hunn. D'Resultat ass ee rhythmeschen Austausch op der Bün, bei deem ee sécherlech nach dat Eent oder Anert bäiléiere kann.
D'Ueropféierung vun "Alphabet" kann een de 6.Juni am Kasemattentheater materliewen. Duerno gëtt d'Stéck am Ganze 5 Mol gewisen. Méi Informatiounen an Tickete ginn et hei.