Prouwe fir den Europäesche Kulturpräis
Den Europäesche Kulturpräis gëtt e Freidegowend an der Philharmonie iwwerreecht. Eng prestigiéis Gala, wou vill national a virun allem och international bekannt Leit present sinn.
Op der Bün stinn e Freideg Weltklass-Kënschtler, dat net just fir déi musikalesch Begleedung vum Owend, mee och als Laureaten. Ënnert anerem gëtt d'Tëlee-Legend Frank Elstner fir säi Liewenswierk geéiert, awer och de bekannter Sänger Ronan Keating. Donieft ass och déi groussherzoglech Koppel mat dobäi, wou d’Maria-Theresa och e Präis fir hiert Engagement kritt, genee sou wéi de fréieren EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker an nach vill anerer.
En Donneschdegmëtteg waren d'Prouwe vun ënnerschiddlechen Artisten, déi e Freideg zesumme mam OPL optrieden. Dorënner ass dann net eleng d'Tali, mee och d'Wiener Sängerknaben an och d’Wiener Chormädchen. 2004 hunn och si sech gegrënnt. De gemeinsamen Optrëtt am Ausland ass eng Première. Moderéiert gëtt den Europäesche Kulturpräis vum Barbara Meier, bekannt ënnert anerem vu Germany's Next Topmodel, zesumme mam Kultur-Journalist Axel Brüggemann.
"Ech hat keng Fraen als Virbiller – et goufe just Dirigenten. Ech si frou, datt sech d'Saachen änneren"
De ganzen Owend gëtt vun enger international bekannter Maestra dirigéiert, der Alondra de la Parra. D’Mexikanerin, déi zu Berlin lieft, kritt och e Präis an hirer Kategorie. E Freideg gëtt nieft dem Dicks sengem "Coeur de Dame" och dem Tali säi "Fighter" mam OPL gespillt. Och dat huet eng gewësse Symbolik. D'Dirigentin ass fir d'zweet zu Lëtzebuerg op Besuch.