Drëtt Editioun vum Urban History Festival
Lancéiert gouf de Festival 2019 als Zort Stroossefest. Zanterhier gëtt en all zwee Joer an engem anere Quartier organiséiert.
Déi zweet Editioun war am Pafendall a leschte Weekend hat et si op Bouneweg verschloen. Mat iwwer 18.000 Awunner ass dat nämlech de gréisste Quartier vun der Stad Lëtzebuerg a stécht virun allem duerch seng rezent Geschicht, Dynamik an Diversitéit ervir. Déi Aspekter sollten dann och wärend dem "Urban History Festival" ervirgehuewe ginn.
Um Programm stoungen eng ronn 20 verschidden Atelieren, Spektakelen, Presentatiounen, Lecturen a Visite-guidéeën, plus e Concert vun de "Bouneweger Nuechtigailercher". An zwee Joer geet de Festival dann an eng véiert Ronn. Den Ament wier ee sech awer nach net sécher, wou et genee higeet, et wier awer oppe fir Suggestiounen, huet et vun der Ekipp geheescht.