De grousse Reportage vun Zeremonie a roudem Teppech
E Freideg den Owend goufen d'Laureate vun dësem Joer mam Europäesche Kulturpräis priméiert.
Zenter 2012 gëtt et den Europäesche Kulturpräis, wou Leeschtunge vu Persounen an Institutioune geéiert ginn, déi sech ganz besonnesch fir Gesellschaft a Kultur an Europa agesat hunn. Dëst Joer war et fir d'éischt, datt de Präis hei zu Lëtzebuerg ofgehale gouf an dat huet héichkaräteg Prominenz an d’Philharmonie gezunn.
Vun Frank Elstner bis Ronan Keating, Jean Claude Juncker bis Lea Linster. Si a vill weider Perséinlechkeete sinn den Freideg um rouden Teppech defiléiert. Vill vun hinnekruten e Praïs, sou z.B de Ronan Keating, dee sech gefreet huet, mam OPL opzetrieden, awer och geéiert gouf fir säin Engagement géint de Kriibs. Scho virun 26 Joer huet hien d’Marie Keating Fondatioun an d’Liewe geruff, wéi seng Mamm u Broschtkriibs verstuerwen ass
De Ronan Keating an den OPL mat "When you say nothing at all"
D’Lea Linster konnt d’Laudatio fir den OPL halen, deen och e Präïs krut. Den Orchestre Philharmonique transportéiert a villerlee Hisiicht den europäesche Gedanken, iwwer déi 25 Natioune spillen am Ensemble. Och de fréieren EU-Kommissiounspresident Jean Claude Juncker gouf fir säi politescht Engagement fir Europa geéiert.
Ënnert den Éieregäscht war och déi groussherzoglech Koppel, d’Grande Duchesse Maria-Teresa krut e Präis fir hiert soziaalt Engagement ë.a fir ONG Stand Speak Rise up fir Affer vu sexualiséierter Gewalt. Si dediéiert de Präis all deene Fraen, déi keng Stemm a keng Visibilitéit hunn.
S.A.R Maria Teresa hält emotional Ried
E Moment, deen och ënnert d'Haut goung, war, wéi déi däitsch Tëlees-Legend Frank Elstner iwwerrascht gouf, wéi seng jéngsten Duechter Enya op d'Bün goung fir him de Präis fir säi Liewenswierk ze iwwerreechen an dat mat enger ergräifender Ried un hire Papp, dee jo u Parkinson erkrankt ass.
De 82 Joer ale Frank Elstner ass Europäer duerch an duerch, an huet am Interview un d’Wichtegkeet vun Europa a Fridden rappelléiert. Als Kand vun engem Sudetendäitschen huet hien als klenge Bouf schonn eng dramatesch Flucht aus Tschechien erlieft, an huet vill Tëschestatioune an Éisträich an an Däitschland gehat. Ëmmerhin 40 Joer huet hien zu Lëtzebuerg gelieft, wou seng Karriär bei Radio Luxemburg ugefaangen huet, éiert e spéider zum bekannten Showmaster a Produzent gouf.
D’Zeremonie huet gehal, wat se versprach hat. En Highlight war dobäi och dem Tali Golergant säin Optrëtt mam OPL mat enger eng ganz spezieller Orchester-Versioun vu Fighter. Fir di jonk Sängerin a Finalistin vum ESC ass domat e Kandheetsdram an Erfëllung gaangen.